Schabloun:Op engem 16. Oktober

• 1813: D'Vëlkerschluecht bei Leipzig fänkt un.
• 1854: Gebuert vum iresche Schrëftsteller Oscar Wilde.
• 1893: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Alexander Weicker gëtt gebuer.
• 1927: Den däitsche Schrëftsteller Günter Grass kënnt op d'Welt.
• 1934: D'chineesesch Kommunisten ënner dem Mao Tse-Tung fänken hire Laange Marsch un.
• 1941: Vun der Stater Gare ginn déi éischt 323 Judden an de Getto op Litzmannstadt (Łódź) deportéiert. Nëmmen 12 vun hinnen iwwerliewen den Zweete Weltkrich.
• 1946: Zéng zum Doud verurteelt Ugeklot aus dem Nürnberger Prozess ginn opgehaangen.
• 1973: D'OPEC decidéiert, de Pëtrolspräis ëm 70% ze héijen; Ufank vun der éischter Pëtrolskris.