Schabloun:Op engem 17. Januar
Ausgesinn
- 395: Doud vum réimesche Keeser Theodosius I. de Groussen.
- 1706: Gebuert vum US-amerikanesche Naturwëssenschaftler a Politiker Benjamin Franklin.
- 1877: De lëtzebuergesche Journalist, Archivist a Politiker Mathias Hardt stierft.
- 1899: Den US-amerikanesche Gangster Al Capone kënnt op d'Welt.
- 1911: Doud vum lëtzebuergeschen Theaterauteur an Industriellen André Duchscher.
- 1927: Déi US-amerikanesch Jazzsängerin a Schauspillerin Eartha Kitt gëtt gebuer.
- 1942: Gebuert vum amerikanesche Boxer Cassius Clay/Muhammad Ali.
- 1961: Den éischte Ministerpresident vum Onofhängege Kongo (virdrun: Belsche Kongo) Patrice Lumumba gëtt ermuert.