Schabloun:Op engem 22. November
Ausgesinn

- 1794: Ufank vun der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg duerch franséisch Revolutiounstruppen.
- 1869: Gebuert vum franséische Schrëftsteller André Gide.
- 1890: De franséische Generol a Staatspresident Charles de Gaulle gëtt gebuer.
- 1913: Gebuert vum englesche Komponist, Dirigent a Pianist Benjamin Britten.
- 1940: Den US-amerikanesche Regisseur an Animateur Terry Gilliam kënnt op d'Welt.
- 1963: Den amerikanesche President John F. Kennedy gëtt zu Dallas op oppener Strooss erschoss.
- 1975: De Juan Carlos I. gëtt Kinnek vu Spuenien.
- 2005: D'Angela Merkel gëtt vum däitsche Bundestag zur Bundeskanzlerin gewielt.