Schabloun:Op engem 26. Juli
Ausgesinn
- 1581: D'Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen erkläert hir Onofhängegkeet vu Spuenien.
- 1856: Gebuert vum ireschen Theaterschrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier George Bernard Shaw.
- 1893: Den däitsche Moler George Grosz kënnt op d'Welt.
- 1908: De chileenesche Politiker Salvador Allende an de lëtzebuergesche Sculpteur Lucien Wercollier gi gebuer.
- 1928: Den US-amerikanesche Regisseur Stanley Kubrick an den italieenesche Politiker Francesco Cossiga kommen op d'Welt.
- 1948: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt mat 6:0 géint Afghanistan déi bis ewell héchste Victoire an engem Lännermatch.
- 1952: De Josy Barthel gewënnt d'Goldmedail iwwer 1500 m Lafen op den Olympesche Spiller zu Helsinki.
- 1964: Gebuert vun der US-amerikanescher Schauspillerin Sandra Bullock.