Schabloun:Op engem 26. Juni
Ausgesinn
- 1730: Gebuert vum franséischen Astronom Charles Messier.
- 1807: Duerch d'Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, an der Stad Lëtzebuerg kommen 32 Leit ëm d'Liewen an 120 ginn der schwéier blesséiert.
- 1824: De brittesche Physiker William Thomson, 1. Baron Kelvin, kënnt op d'Welt.
- 1892: Déi US-amerikanesch Schrëftstellerin Pearl S. Buck gëtt gebuer.
- 1904: Gebuert vum US-amerikanesch-ungaresche Filmschauspiller a -regisseur Peter Lorre.
- 1913: De franséische Schrëftsteller a Politiker Aimé Césaire an de Lëtzebuerger Ekonomist an Editeur Carlo Hemmer gi gebuer.
- 1945: D'Vereent Natioune gi gegrënnt.
- 1960: Madagaskar gëtt vu Frankräich onofhängeg.