Schabloun:Op engem 30. Juli
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
- 1419: Éischt Prager Defenestratioun, Ufank vun den Hussitekricher.
- 1818: Gebuert vun der brittescher Schrëftstellerin Emily Brontë.
- 1863: Den US-amerikaneschen Entreprener Henry Ford, kënnt op d'Welt.
- 1898: Den englesche Sculpteur a Moler Henry Moore gëtt gebuer.
- 1906: De Gabriel Lippmann presentéiert e Procedé fir faarweg Fotoen ze reproduzéieren.
- 1927: Gebuert vum lëtzebuergesche Liichtathlet, Sportfonctionnaire a Jurist Gérard Rasquin.
- 1980: Vanuatu gëtt vu Frankräich a Groussbritannien onofhängeg.
- 1989: Doud vum lëtzebuergesche Cinéast a Journalist Evy Friedrich.