Schabloun:WDS no Joer

- … d'Iddi fir den Eiffeltuerm vum Elsässer Ingenieur Maurice Koechlin war?
- … den Aristarch vu Samos (ëm 310 - ëm 230 v. Chr.) och alt „griichesche Kopernikus“ genannt gëtt, well hien als ee vun den Éischten d'heliozentrescht Weltbild vertratt huet, no deem d'Sonn an net d'Äerd am Zentrum vum Weltall stéing?
- … d'Luxemburger Wort déi eelst lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi praktesch ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?
- … de Krater vun Derweze an Turkmenistan zanter 1971 am Gaang ass ze brennen, an dowéinst vun de Leit vun do den Numm Paart vun der Häll krut?
- … een uganks 1913 d'Nimm vun de Besëtzer vun alle 430 deemools zu Lëtzebuerg ugemellte Gefierer an deenen hire Plackennummeren an der Zeitung noliese konnt?
| Dokumentatioun vun der Schabloun:WDS no Joer | [liesen] [änneren] [Versioune weisen] |
D'Dokumentatioun fir dës Schabloun steet hei ënnendrënner an ass vun der Säit Schabloun:WDS no Joer/doc hei agebonne ginn. All Froe sollen och op där hirer Diskussiounssäit gestallt ginn. Kuckt och: Hëllef:Schablounen.
Dës Schabloun affichéiert fir all Dag d'Rubrik „Wousst Dir schonn…“.
Fir all Kalennerdag gëtt et en eegene Text an eventuell e Bild, déi an de Schablounen Schabloun:WDS Joer 0 a Schabloun:WDS Joer 1 definéiert sinn. Et gi standardméisseg d'Texter vun deene leschte fënnef Deeg (vun haut bis viru véier Deeg) an d'Bild vum Text vun haut ugewisen. Et kann een iwwer de Parameter Datum awer och en anere Referenzdag wéi den aktuellen Dag uginn. Setzt een z. B. Datum=15.02.2024, da weist d'Schabloun d'Texter vum 04.01.2024 bis den 31.12.2023 an d'Bild vum 04.01.2024 un.
Déi einfachste Manéier fir d'Bild an den Text vun engem bestëmmten Datum erëmzefannen, ass et an der Schabloun:WDS Joer 0 (fir gerued Joren) oder Schabloun:WDS Joer 1 (fir ongerued Joren) mat Ctrl + F nom Datum ze sichen. Dobäi gëtt een den Datum am Zueleformat <Dag>-<Mount> an (ouni d'Zuele mat Nullen op zwou Stellen opzefëllen), z. B. 21-5 fir den 21. Mee oder 3-12 fir den 3. Dezember.
Als techneschen Detail sief ernimmt, datt d'Fettschreiwung vun den Texter mam Modul:QuoteProcessor ewechgeholl gëtt fir d'Texter vun deene leschte véier Deeg.
Wann Dir eng nei Schabloun vum Typ Schabloun:WDS Joer x uleeë wëllt, kuckt hei: Schabloun:WDS no Joer/Joer x.
Fir ze knäipen
[Quelltext änneren]{{WDS-Schabloun}}{{WDS-Schabloun|Datum=dd.mm.yyyy}}
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Haaptsäit/WDS – eng Erklärungssäit fir d'Rubrik „Wousst Dir schonn…“ mat alle Sätz a Biller beieneen
- Haaptsäit/WDS-Spënnchen – eng Säit fir nei Sätz a Biller ze sammelen, ier se an de Gebrauch kommen.
- Schabloun:WDS Joer 0 – eng Schabloun mat Texter a Biller fir d'Rubrik „Wousst Dir schonn…“
- Schabloun:WDS Joer 1 – eng Schabloun mat Texter a Biller fir d'Rubrik „Wousst Dir schonn…“
- Schabloun:WDS no Joer/Joer x – eng Virlag fir nei Schabloune vum Typ
Schabloun:WDS Joer xunzeleeën
