Schabloun:WDS 10. Juni
- ... de lëtzebuergesche Schauspiller Joseph Noerden tëscht 1949 an 1953 am Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble gespillt huet?
- ... d'Schluecht vu Valmy zwar keng eendeiteg taktesch Resultater ervirbruecht huet, mä e grousse symbolesche Wäert hat, well se als déi éischt franséisch Victoire no der Franséischer Revolutioun gefeiert gouf?
- ... de Sendemast vun Housen mat 300 Meter dat héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg ass?
- ... de Lëtzebuerger Frang tëscht 1935 an 1941 e Véierels méi wäert war wéi dee Belschen, nom Krich awer nees zu enger Paritéit vun 1:1 erëmagefouert gouf?
- ... siwe Lëtzebuerger; de Charles-André Schommer, de Pierre Laux den Antoine Neven, de Jean Neven, de Félix Peters, de Jean Reiffers an de Jean-Bernard Ney op der Säit vun den Alliéierte de 6. Juni 1944 bei der Operation Overlord am Asaz waren?