Schabloun:WDS 15. Juli
Ausgesinn

- ... op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
- … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
- ... zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnëss e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
- ... de Charles Metz (1799-1853) Deputéierten souwuel an der Belscher wéi och an der Lëtzebuerger Chamber war?
- ... den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?