... den hellege Fiakrius Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen ass?
... bei Mamer an engem Pëtz aus der Réimerzäit Skelettdeeler vun engem Dromedar fonnt goufen?
... e Studentequartier zu Köln (Neustadt-Süd), als Uspillung un de Paräisser Quartier Latin, Kwartier Latäng genannt gëtt?
... d'Mine Walert zu Rëmeleng de Spëtznumm Mausfal krut, well do net manner wéi 46 Biergleit hiert Liewe gelooss hunn, dorënner och den Deputéierte Jean-Pierre Bausch?