Schabloun:WDS 16. Abrëll
Ausgesinn

- ... deen éischte lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
- ... de Basiliscus plumifrons, eng Eidechsenaart, op Franséisch och lézard Jésus-Christ genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann?
- ... d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?
- ... d'Gare Belval-Université, hirem Architekt no, engem Mued oder enger Raup gläiche soll?