Schabloun:WDS 16. September B

Vu Wikipedia
  • ... de Fait, dass am Finnegan's Wake vum James Joyce "that Luxuumburgher evec cettehis Alzette (...)" ernimmt gëtt, op dem Auteur säi Besuch am Land als Tourist, am August 1934, zeréckzeféieren dierft sinn?
  • ... den hellege Fiakrius Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen ass?
  • ... bei Mamer an engem Pëtz aus der Réimerzäit Skelettdeeler vun engem Dromedar fonnt goufen?
  • ... e Studentequartier zu Köln (Neustadt-Süd), als Uspillung un de Paräisser Quartier Latin, Kwartier Latäng genannt gëtt?
  • ... d'Mine Walert zu Rëmeleng de Spëtznumm Mausfal krut, well do net manner wéi 46 Biergleit hiert Liewe gelooss hunn, dorënner och den Deputéierte Jean-Pierre Bausch?