... de Milbekéis eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune Milben, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, a sou säin typesche Goût kritt?
… den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z. B. d'Acacia Lujaei oder d'Eulophia Lujaeana?
… de Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, deen eelste Kino zu Lëtzebuerg ass, deen nach haut a Betrib ass?