Schabloun:WDS 18. Dezember
- ... déi éischt Parkauer zu Lëtzebuerg de 25. Abrëll 1958 an der Stad bei der Post um Piquet an an der Aldrengerstrooss opgestallt gouf?
- ... dat Wuert Schach op Persesch "Kinnek" bedeit, a Schachmatt "de Kinnek ass dout"?
- ... déi héchst Victoire vun der Lëtzebuergescher Foussballnationalequipe, de 26. Juli 1948 zu London, 6–0 géint Afghanistan war?
- ... deen nom Politiker Robert Schuman genannte Rond-point Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg, grad wéi deen zu Bréissel, allen zwéin zwar "Rond-Point" heeschen, awer keng Intersection à sens giratoire obligatoire, wéi s'am Code de la route virgesinn ass, sinn?
- ... den Europäesche Maulef op der Insel Groussbritannien, awer net op Irland virkënnt?