Schabloun:WDS 22. Juni

Vu Wikipedia
  • ... de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
  • … um Mosaik vu Viichten (Bild), dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
  • ... op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?
  • … de Begrëff "Télécran" fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?