Schabloun:WDS 23. Juni
Ausgesinn

- ... op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, dass et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
- ... de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
- … um Mosaik vu Viichten, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
- ... op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?
- … de Begrëff "Télécran" fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?