Schabloun:WDS 27. Dezember
Ausgesinn
- ... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
- ... de lëtzebuergeschen Entreprener Théodore Pescatore (1871-1931) schonn 1904 eng Firma (L'Auto mixte) gegrënnt huet, fir Hybrid-Gefierer ze bauen?
- ... den 1900 gebaute Liichttuerm Rubjerg Knude Fyr an Dänemark 2019 eng 70 Meter an d'Hannerland geréckelt gouf, fir dass en net an d'Mier soll falen?
- ... den Zockerbäcker Nicolas Namur, ier e säi Betrib an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt huet, 1854 bis 1861 Pâtissier a Kalifornien war?
- ... d'Gemeng Ierpeldeng op der Sauer aus dräi Sektioune besteet, wouvun eng am Éislek, eng am Guttland an déi drëtt op der Grenz vun den zwou Regioune läit?