Schabloun:WDS 3. Juli
Ausgesinn

- ... d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
- ... de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?
- ... déi kasachesch Haaptstad bannent manner wéi 7 Joerzéngte sechsmol den Numm gewiesselt huet?
- ... den Asteroid (255019) Fleurmaxwell no der Lëtzebuerger Äiskonschtleeferin Fleur Maxwell benannt gouf?
- ... d'Kierchtierm vun der 1858 gebauter Kierch St. Alphonse ("Paterekierch") an der Stad Lëtzebuerg, sou niddreg sinn, well se no bei der Festungsmauer stoungen a soss eng giedeleg Zilscheif gi wieren, wa se méi héich gewiescht wieren?