Schabloun:WDS 4. November
Ausgesinn

- … de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de "Pappe" vun der Belscher Verfassung war?
- ... de Schwaarze Spiecht, dee virum Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
- ... den Habschter Tunnel, beim Ofschloss vun den Aarbechten 1879, dee längsten am Land war?
- ...de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
- ... de Mathematiksprofesser Antoine Meyer (1801-1857) den Auteur vum éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (1829), war?