Schabloun:WDS 5. Juli B

Vu Wikipedia
  • ... d'Kanaliséierung vun der Musel schonns 1794 eng éischt Kéier proposéiert gouf, et awer bis 1956 gedauert huet, bis et zu engem Staatsvertrag tëscht Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland koum, deen den Ausbau vu Koblenz bis op Diddenuewen festgehalen huet?
  • ... d'Serie Capitani op Netflix an alle Sproochen esou heescht, bis op Portugisesch, wou den Titel Os Segredos de Manscheid ass, an op Ongresch, wou e mat Gyilkosság Manscheidben iwwersat ass?
  • ... de Lëtzebuerg-Effekt, deen dora besteet, datt de Radiosprogramm vun engem Laang- oder Mëttelwellesender schwaach am Hannergrond vun engem anere Sender ze héieren ass, eng éischt Kéier uganks den 1930er Jore bei Radio Lëtzebuerg observéiert gouf?