Schabloun:WDS 9. Abrëll B

Vu Wikipedia
  • ... als Reklamm fir d'Première vum Film De Superjhemp retörns verschidde Firmen d'Opschrëfte mat hiren Nimm (op Gefierer, Butteker oder Produkter) deelweis duerch déi parodistesch Versioun ersat hunn, déi s'am Superjhemp kritt haten?
  • ... déi iwwer 21 km laang Donauinsel zu Wien tëscht der Donau an der Neier Donau an den 1970er/1980er Joren ugeluecht gouf, fir Héichwaasser ze reguléieren?
  • ... den Numm vun der Uertschaft Blummendall näischt mat Blummen ze dinn huet, ma éischter op eng keltesch Gottheet zeréckgeet?
  • ... de Skorpioun I. en alegyptesche Kinnek aus der Virdynastescher Zäit, ëm 3200 v. Chr., war?
  • ... d'Avenue Kennedy um Kierchbierg ursprénglech als Autobunn gebaut gi war, dann awer tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore als Stadboulevard zeréckgebaut gouf?