Schabloun:WDS 9. Juni
- ... d'Schluecht vu Valmy zwar keng eendeiteg taktesch Resultater ervirbruecht huet, mä e grousse symbolesche Wäert hat, well se als déi éischt franséisch Victoire no der Franséischer Revolutioun gefeiert gouf?
- ... de Sendemast vun Housen mat 300 Meter dat héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg ass?
- ... de Lëtzebuerger Frang tëscht 1935 an 1941 e Véierels méi wäert war wéi dee Belschen, nom Krich awer nees zu enger Paritéit vun 1:1 erëmagefouert gouf?
- ... siwe Lëtzebuerger op der Säit vun den Alliéierte de 6. Juni 1944 bei der Operation Overlord am Asaz waren? Et waren dat bei de Buedemtruppen de Charles-André Schommer op 'Omaha Beach' an op Sword Beach de Pierre Laux bei den engleschen Truppen an den Antoine Neven, Jean Neven, Félix Peters a Jean Reiffers beim franséische Commando Kieffer. De Jean-Bernard Ney war deen Dag als Navigateur u Bord vun engem Fliger vun der englescher Aviatioun iwwer 'Omaha Beach' am Asaz.