Op den Inhalt sprangen

Schabloun:WDS no Joer

Vu Wikipedia
  • déi 7 Mann Besatzung, déi ëm d'Liewe koumen, wéi hiren ugeschossene Fliger am Abrëll 1943 bei Käerch erofgefall ass, an un déi e Monument erënnert, eréischt 10 Joer méi spéit un Hand vun enger Kap identifizéiert konnte ginn?
  • de Laacher-Séi-Ausbroch viru ronn 13.000 Joer an der Äifel, mat an enger 40 Kilometer héijer Eruptiounssail, dee rezentste Vulkanausbroch a Mëtteleuropa war?
  • een am Spueneschen Duerf (Poble Espanyol) zu Barcelona, dat 1929 fir d'Weltausstellung um Montjuïc gebaut gouf, déi charakteristesch Bauforme vun deenen eenzele spuenesche Regiounen am Detail nogestallt fënnt?
Dokumentatioun vun der Schabloun:WDS no Joer [liesen] [änneren] [Versioune weisen]

D'Dokumentatioun fir dës Schabloun steet hei ënnendrënner an ass vun der Säit Schabloun:WDS no Joer/doc hei agebonne ginn. All Froe sollen och op där hirer Diskussiounssäit gestallt ginn. Kuckt och: Hëllef:Schablounen.

Dës Schabloun affichéiert fir all Dag d'Rubrik „Wousst Dir schonn…“.

Fir all Kalennerdag gëtt et en eegene Text an eventuell e Bild, déi an de Schablounen Schabloun:WDS Joer 0 a Schabloun:WDS Joer 1 definéiert sinn. Et gi standardméisseg d'Texter vun deene leschte fënnef Deeg (vun haut bis viru véier Deeg) an d'Bild vum Text vun haut ugewisen. Et kann een iwwer de Parameter Datum awer och en anere Referenzdag wéi den aktuellen Dag uginn. Setzt een z. B. Datum=15.02.2024, da weist d'Schabloun d'Texter vum 04.01.2024 bis den 31.12.2023 an d'Bild vum 04.01.2024 un.

Déi einfachste Manéier fir d'Bild an den Text vun engem bestëmmten Datum erëmzefannen, ass et an der Schabloun:WDS Joer 0 (fir gerued Joren) oder Schabloun:WDS Joer 1 (fir ongerued Joren) mat Ctrl + F nom Datum ze sichen. Dobäi gëtt een den Datum am Zueleformat <Dag>-<Mount> an (ouni d'Zuele mat Nullen op zwou Stellen opzefëllen), z. B. 21-5 fir den 21. Mee oder 3-12 fir den 3. Dezember.

Als techneschen Detail sief ernimmt, datt d'Fettschreiwung vun den Texter mam Modul:QuoteProcessor ewechgeholl gëtt fir d'Texter vun deene leschte véier Deeg.

Wann Dir eng nei Schabloun vum Typ Schabloun:WDS Joer x uleeë wëllt, kuckt hei: Schabloun:WDS no Joer/Joer x.

Fir ze knäipen

[Quelltext änneren]
{{WDS-Schabloun}}
{{WDS-Schabloun|Datum=dd.mm.yyyy}}