Op den Inhalt sprangen

Schabloun Diskussioun:Faarf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 9 Deeg vum Volvox am Sujet Hannergrond

Hannergrond

[Quelltext änneren]

Moien,

Ass et méiglech d'Schabloun esou ëmzebauen, datt een (optional) och d'Hannergrondfaarf vum Text astelle kann? Merci | GilPe (Diskussioun) 12:50, 7. Sep. 2025 (UTC)Äntweren

Salut @GilPe véier Méint méi spéit. D'Schabloun:Iwwerstrach kann d'Hannergrondfaarf vun engem Text setzen. Et kéint een also einfach mat {{Iwwerstrach|#00FF00|{{Faarf|#FF0000|fuerchtbar gutt liesbaren Text}}}} ee fuerchtbar gutt liesbaren Text generéieren.
Geet dat duer oder lount et sech dat ganzt nach an eng global Schabloun ze paken?
Eng tangentiell Fro: Bass du der Meenung, datt déi Schablounennimm akzeptabel sinn? Ech fannen, déi Nimm ginn net wierklech eng genau Iddi, wourëms et geet, a si villäicht schlecht sichbar. Ech denken „Textfaarf“ amplaz „Faarf“ an „Hannergrondfaarf“ oder „Text mat Hannergrond“ (well dat mat „Text“ ufänkt) amplaz „Iwwerstrach“ wiere villäicht besser Nimm. --Volvox (Diskussioun) 20:03, 2. Jan. 2026 (UTC)Äntweren
Merci @Volvox,
Jo, mat der duebeler Schabloun misst dat klappen (ouni nei global Schabloun ze bastelen), et ass jo net eppes wat ee permanent brauch. Ech mengen „Textfaarf“ an „Texthannergrond“ wäre gutt Bezeechnungen. | GilPe (Diskussioun) 07:31, 3. Jan. 2026 (UTC)Äntweren
Ech hu gesinn, du hues nach eng (bis virun e puer Minutten net dokumentéiert, net kategoriséiert an net verlinkt …) Schabloun:BoxArrondi fonnt (oder schonn ëmmer kannt).
Wat maache mer mat där Schabloun? Well momentan mécht se déi dräi Saache mateneen: Faarwegen Text, faarwegen Hannergrond a faarwege Bord; ech hunn d'Parameteren optional gemaach, ausser den Text, dofir ass et elo eng all in one Schabloun, déi déi aner obsolet maache kéint. Allerdéngs soll de Bord – wéi den Numm BoxArrondi undeit – ofgeronnt sinn, wat bei eis net klappt, well mir nach deen alen -moz-border-radius am Code stoen hunn, dee fréier spezifesch fir Firefox definéiert huet, datt de Bord ofgeronnt soll sinn; hautdesdaags benotzt ee border-radius fir all Browser an déi al browserspezifesch Eegenschafte gi vu moderne Browseren ignoréiert an dofir ass eis Këscht lo rechteckeg.
Soll ech BoxArrondi flécken, datt rëm alles ofgeronnt ass? Oder soll ech se ëmdeefen an doraus eng Textfarrf-Hannergrondfaarf-Bordfaarf-Schabloun maachen. Dat hänkt och dovunner of, wéi se an deene leschte Jore gebraucht gouf. --Volvox (Diskussioun) 14:00, 3. Jan. 2026 (UTC)Äntweren
Ech hunn déi BoxArrondi-Schabloun a mengem "Gutt-ze-wëssen-Tirang" erëmfonnt ;-). Esoulaang ech se benotzt hunn, war s'effektiv net ofgerënnt; ob dat awer soll/muss sinn, weess ech net. D'Schabloun gëtt quasi just a Gare-Säite gebraucht fir unzegi wat fir Zich (Linnen) do halen. Fir mech géif et duer goen, datt s'en normale Bord mécht (sou wéi bis elo) a se kéint dann als allround-Schabloun benotzt ginn (an déi aner ersetzen), se sollt mMn dann awer och den Text kënnen normal oder fett schreiwen.
Ass et eventuell derwäert fir d'Meenung um Stamminee ze froen? | GilPe (Diskussioun) 14:29, 3. Jan. 2026 (UTC)Äntweren
Um Stamminee kann een ëmmer froen, méchs du dat? Dann halen ech d'Fangeren nach stall, bis do Feedback koum (oder kee méi z'erwaarden ass). Wann et fäerdeg ass, wäerte mer all eis Faarwe sortéiert hunn ;-) An da kann een d'Schabloune villäicht och all op Hëllef:Faarwen ernimmen (oder soss nach Plazen, wann s de der kënns; du hues jo viru Kuerzem déi löblech Aarbecht gemaach, al Hëllefssäiten an d'Géigewart ze bréngen a kenns villäicht nach deen een oder aneren däischteren Eck ausserhalb vum Artikelnummraum).
P.S.: Op Hëllef:Faarftabell feelt rebeccapurple; dat muss ech direkt behiewen! --Volvox (Diskussioun) 14:38, 3. Jan. 2026 (UTC)Äntweren