Schabloun Diskussioun:Literatur

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat ech firwat g'ännert hunn[Quelltext änneren]

1. Franséisch huet bei de Sprooche gefeelt, dat hunn ech dobäigesat.
2. Ech hun d'Linken op Sproochen, déi a méi wéi engem Land geschwat ginn, geännert an "xy-sproocheg Literatur".
3. Konsequenterweis hun ech Lëtzebuergesch derbäigesat, well een zwar Literatur op Lëtzebuergesch zu 'Lëtzebuerger Literatur' ziele kann, Lëtzebuerger Literatur awer och op franséisch an däitsch zum Ausdrock kënnt (hei brauch et souwisou nach en Artikel, deen dee Kuddelmuddel erkläert).
4. Ech hu se, bis op déi 2 engleschsproocheg Litaraturen am Ufank, dem Alphabet no gesat (bon, 'Lëtzebuergesch' ass liit verrutscht, well et eng Zeil fir sech brauch).
5. Ech loosse mech gär iwwerzeegen, dass et sënnvoll ass, 'Amerikanesch' an 'englesch' an eng eenzeg Rubrik "engleschsproocheg" Literatur zesummenzefaassen. 6. Wann net, sinn ech och op fir Argumenter, dass "spueneschsproocheg" opgespléckt gëtt a "Kastilianesch (Europa)" a "Kastilianesch (Latäinamerika)" (well a Spuenien et bekanntlech nach aner Sprooche ginn, an et dach grouss sproochlech Ënerscheeder tëscht deen 2 Säite vum Atlantik ginn).

--Zinneke 08:47, 29 Abr 2005 (UTC)

Merci fir déi friséiert Schabloun. Déi ass ganz an der Rei. Ech gesinn zwar Problemer hot an har, mee déi sinn "systemimmanent". Et wäert nach interessant ginn, fir déi belsch Literatur, déi aus dem Maghreb, aus dem Levant, Québec, déi aus de Karibeschen Inselen, dem Senegal an en Dëppchen ze kréien. A bei den Auteuren wier nach ze kucken, ob de Beckett e franséischsproochegen ass oder awer villächt net. Bei deenen Themaen kann eng "dynamesch" Enzyklopedie mol weise wat se kann :-) --Cornischong 09:17, 29 Abr 2005 (UTC)