Op den Inhalt sprangen

Schabloun Diskussioun:Ufank Kader/doc

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: virun 1 Dag vum GilPe

Moien,

An der Beschreiwung steet: „E muss onbedéngt mam Tag
zougemaach ginn.“ An de Beispiller ass zum Schluss awer och eng Schabloun {{Enn Kader}} uginn; déi schéngt et awer net ze ginn an ass mMn obsoleet… oder hunn ech eppes net richteg verstanen? | GilPe (Diskussioun) 08:31, 11. Jan. 2026 (UTC)Äntweren

D'Schabloun {{Enn Kader}} gouf de 4. November 2015 geläscht an hat als Inhalt

<noinclude>Dës Schabloun mécht d'Schabloun [[:Schabloun:Ufank Kader|Ufank Kader]] zou.</noinclude>
Entweeder mir schreiwen iwwerall an d'Beispiller
oder mir restauréieren d'Schabloun. Technesch gesinn leeft et op dat selwecht eraus, mee ech fannen et besser mat der Schabloun:Enn Kader, well dann am Quelltext direkt z'erkennen ass, datt dat zum Ufank Kader gehéier, wat dat Ganzt méi iwwersiichtlech mécht; wa lauter plakeg
e ronderëmtrëllen, muss ee fir d'éischt sichen an iwwerleeën, wat wouzou gehéiert. Beim Enn Kader ass ditekt kloe, datt en zum Ufank Kader gehéiert, sou wéi {{Div col end}} – wat och just een
ass – direkt als zum {{Div col}} zougehéiereg erkennbar ass.
De @Les Meloures huet als Läschbegrënnung sengerzäit „Problemschabloun a lo néirens méi gebraucht“ uginn. Ech wéisst net, wat de Problem soll gewiescht sinn, mee villäicht kann hee mer méi soen. --Volvox (Diskussioun) 10:16, 11. Jan. 2026 (UTC)Äntweren
Salut, ech wees lo net méi genee wat de Problem war, mä wann ech mech nach eenegermoosse kann erënneren gouf se an de Lintfeeler ugewisen. Ech restauréieren se dann emol a ginn se nees iwwerall op e puer Plazen an d'Kaderen asetzen an da gesi mer vläicht nees wou den Hoke war. --Les Meloures (Diskussioun) 12:57, 11. Jan. 2026 (UTC)Äntweren

Merci! | GilPe (Diskussioun) 14:09, 11. Jan. 2026 (UTC)Äntweren