Schabloun Diskussioun:Wierker Festung Lëtzebuerg 1867

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Soll ee net de Lemma ëmänneren op "Wierker vun der Festung Lëtzebuerg bis 1867"? Dat "bestehend" ass eigentlech am lëtzebuergeschen net zougelooss. Ech hätt d'Schabloun scho geréckelt, wollt awer den Auteuren hir Meenung gewuwr ginn. -- Pecalux 17:35, 25. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Kann dem Pecalux nëmme Recht ginn. Doriwwwer eraus gëtt et dat Verb bestehen net am Lëtzebuergeschen. Les Meloures 22:16, 25. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Bon, bei Schablounen ass den Numm Niewesaach, d'Haaptsaach, se ginn op deene richtege Plazen agesat. Loosst dach emol de Roude Léiw u senge Festungsartikele schaffen, dee baut do Stéck fir Stéck d'Festung Lëtzebuerg op. Meng 5 Sou. --Z.
Du hues recht, Z., wanns de sees: bei Schablounen ass den Numm Niewesaach. Mee hei ass et esou dass dee selwechte Numm an all Artikel wou d'Schabloun agesat gëtt fett als Iwwerschrëft ze gesinn ass.
Entschëlleg awer dass ech mer Gedanke gemaach hunn, eis Wikipedia "lëtzebuergesch" ze halen. -- Pecalux 07:30, 26. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

LOL, merci Z fir de Luef - leider hänken ech am Moment op der Rumm, an ech komme mangels Quellen net richteg weider.
@Pecalux, den Titel wëll aussoen, datt an där Schabloun déi Wierker opgezielt sinn, déi 1867 nach bestanen hunn, ier d'Festung geschläift ginn ass, am Géigesaz zu Bauten déi am Laf vun de Joerhonnerten ofgebrach goufen. Ech fannen den Numm am Iwweregen net Niewesaach, e soll schonn esou genee wéi méiglech de Contenu an de Sënn vun, an dësem Fall, der Schabloun erëm ginn. "Wierker vun der Festung Lëtzebuerg bis 1867" bedeit awer, datt sämtlech Wierker missten opgezielt ginn déi bis dohi gebaut goufen, an net de Bestand vun deem Moment. Loosst mech emol nach kucken, wat do nach dobäi kéim, wann ech alles géif an der Schabloun opzielen, da wäert ech den Titel deem entspriechend änneren. Et ass awer notéiert! --Roude Leiw2001 08:39, 26. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

@ Roude Leiw2001: Ech stellen hei weder deng Aarbecht, nach däin Engagement a Fro. Et dréint sech och net ëm den Zäitpunkt vun de Festungswierker. Ech behaapten: ... bestehend Wierker ... ass falsch. De Participe Présent vum Verb "bestoen" gëtt am lëtzebuergeschen ëmschriwwen, an zwar esou: "Wierker déi bestinn". -- Pecalux 10:43, 26. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,
Den Text an der Schabloun gouf verbessert, an deem Sënn war dem Pecalux seng Remarque scho pertinent.
Den Numm vun der Schabloun gouf och geännert, op {{Wierker Festung Lëtzebuerg 1867}}. Domatter ass de Bobo aus dem Numm eraus, wat zwar wéi den Zinneke seet am Fall vu Schablounennimm net esou wichtig ass, well jo keen deen Numm op enger Säit gesäit. Mä Schablounennimm solle kuerz, praktesch a liicht ze verhale sinn.

Les Meloures 11:15, 26. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

OK, deen Numm ass gutt, ginn och dorun näischt méi änneren.
Ech wollt awer nach soen, datt ech duerch berechtegt Kritik, egal vu welcher Zort, fachlech oder formal, mech weder a menger Aarbecht, nach a mengem Engagement a Fro gestallt fillen :-). Dëst ass en ëffentlechen Diskussiounsforum fir ëffentlech Artikelen, an ech fannen et normal (an am Sënn vun der Wikipedia och fundamental), datt Verbesserungsvirschléi kommen, déi engem selwer Saache virun Aen halen un déi een eventuell net geduecht hat. An deem Sënn, Merci Iech all an op eng weider gutt Zesummenaarbecht!
--Roude Leiw2001 12:36, 26. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]