Schacko Klak (Roman)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schacko Klak: Biller aus der Kandheet (1935-1945) ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Roger Manderscheid, deen 1988 bei den Éditions Phi erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Erzielt gëtt d'Kandheet vum Christian ("Chrëscht") Knapp vun Izeg, tëscht 1935 an 1945, bei där besonnesch d'Zäit vun der däitscher Besatzung am Mëttelpunkt steet. Dertëschent si kuerz Kapitelen aus der Géigewaart, wou den erwuessene Chrëscht, deen zu Berlin wunnt, sech mat senger Kandheetsfrëndin Jhuliett iwwer d'Schreiwe vu senge Kandheetsereënnerungen austauscht.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Schacko Klack ass den éischten Deel vun enger Aart Bildungsroman-Trilogie, déi mat De Papagei um Käschtebam a Feier a Flam virugoung, wou de Chrëscht als Jugendlechen a jonke Mann säi Wee fanne muss. D'Buch ass staark autobiographesch: den Auteur ass vun Izeg a kënnt aus enger Schräinerfamill, wéi de Chrëscht. Fir trotzdeem eng Distanz tëscht der Romanfigur a senger eegener Biographie ze kréien, gëtt de Chrëscht als Plakapp beschriwwen, an och den Erzieler, deen zu Berlin wunnt, dréit dozou bäi.

Den Titel ass e Wuertspill mat Chapeau-claque a Schacko, fréier eng Zort Kap bei den Arméien[1]. Wéi a senge meeschte Bicher benotzt de Manderscheid eng konsequent Klengschreiwung.

1990 gouf d'Buch vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann ënner demselwechten Titel verfilmt.

D'Buch gouf vum Georges Hausemer op Däitsch iwwersat (Tschako Klack. Bilder einer luxemburgischen Kindheit (1935-1945). Gollenstein Verlag, 1997).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. fréier och alt gebraucht fir en Hutt ouni besonnesch Fassong ze bezeechnen