Schaltnetzdeel

Vu Wikipedia

E Schaltnetzdeel ass eng elektronesch Schaltung, déi Agangsspannungen (meeschtens aus dem ëffentleche Stroumnetz) a klenger oder gréisser Ausgangsspannungen erof- oder eropwandelt. Dëst geschitt dacks iwwer elektronesch Schalter (bipolar Transistoren, MOSFET, IGBT...), Induktivitéiten a Gläichriichtungselementer.

Onofhängeg vun der ugeschlossener Belaaschtung muss d'Ausgangsspannung ëmmer konstant bleiwen.

Aarte vu Schaltnetzdeeler[änneren | Quelltext änneren]

Et ënnerscheet ee grondsätzlech tëscht

Virdeeler an Nodeeler vu Schaltnetzdeeler[änneren | Quelltext änneren]

Virdeeler[änneren | Quelltext änneren]

Virun allem wéinst der héijer Leeschtungsdicht gi se an der Industrie agesat. Awer och an anere Geräter gi se ëmmer méi dack gebraucht, sou zum Beispill a Computer, Chargeuren oder och an der Audioelektronik.

Eng vun hire wichtegsten Eegenschaften ass hiren héije Wierkungsgrad, deen dacks iwwer 90 % leie kann (bei normalen Netzdeeler gëtt déi meescht Energie an Hëtzt ëmgewandelt, de Wierkungsgrad läit do dacks däitlech ënner 50 %). Dat erreecht ee mat elektronesche Schalter, déi eng primärsäiteg Spannung nëmmen dann iwwerdroe wa se och sekundärsäiteg gebraucht gëtt.

Schaltnetzdeeler sinn am Verglach zu normalen Netzdeeler och méi kompakt a weie bei wäitem net sou vill.

Nodeeler[änneren | Quelltext änneren]

Duerch dat primärsäitegt Gläichriichtungselement kënnen Uewerwellen an d'Versuergungsnetz iwwerdroe ginn. Aus dësem Grond musse Schaltnetzdeeler mat enger Agangsleeschtung vun iwwer 50W zanter dem 1. Januar 2001 (EN 61000-3-2) eng Leeschtungsfaktorkorrektur (engl. Power Factor Correction) hunn.

Grondprinzip vu Schaltnetzdeeler[änneren | Quelltext änneren]

Bild 1: Grondprinzip vun engem Schaltnetzdeel
Bild 2: Steierspannung bei groussem a klengem Laaschtstoum

Als éischt gëtt d'Netzwiesselspannung gläichgeriicht a geglätt. Duerno gëtt déi gläichgeriicht Spannung vun engem Schalttransistor mat héijer Frequenz zerhackt. Wärend der Leedphase vum Transistor gëtt Energie an der Induktivitéit gespäichert a duerno un de Verbraucher ofginn.

D'Reegelung vun der Ausgangsspannung geschitt entweeder duerch d'Verännerung vum Taaschtgrad (Verhältnes vun der Aschaltzäit zu der Periodendauer) vun der zerhackter Gläichspannung oder duerch d'Verännerung vun der Schaltfrequenz. Déi zerhackt Gläichspannung léisst sech duerch d'Iwwersetzungsverhältnes vun der Induktivitéit belibeg héich oder déif erop- oder eroftransforméieren. Duerno gëtt déi Rechteckspannung, déi iwwerdroe gouf, mat enger einfacher M1-Gläichriichterschaltung gläichgeriicht an nees geglätt.

Wärend den Transistor bei linear Netzdeeler permanent leedent ass, gëtt d'Sperr- resp. d'Leedphase beim Schaltransistor an Ofhängegkeet vum momentane Wäert vun der Ausgangsspannung verännert. Mat dësem Prinzip gëtt d'Energie ouni gréisser Verloschter vum Netz un de Verbraucher iwwerdroen.

Am Bild 2. op der rietser Säit ass den Taaschtgrad fir d'Steierspannung vum Schalttransistor fir déi zwee Belaaschtungsfäll duergestallt. Den Taaschtgrad berechend sech sou:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Switched-mode power supplies – Biller, Videoen oder Audiodateien