Op den Inhalt sprangen

Schengen-Helleng-Pad

Vu Wikipedia
Schengen-Helleng-Pad
Am Park vum Thermalbad Munneref
Iwwersiicht vum Pad
vu(n) Schengen
op Helleng
Längt 25,85 km
déifste Punkt Schengen
héchste Punkt Krautem
Land Lëtzebuerg,
Frankräich
féiert duerch Schengen,
Munneref,
Mondorff,
Fréiseng,
Weiler zum Tuer,
Réiser


De Schengen-Helleng-Pad, offiziell Sentier pédestre national de Schengen-Hellange, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.

De Pad ass 25,85 km laang a féiert vu Schengen op Helleng. Den déifste Punkt (143 m) ass zu Schengen an den héchsten (281 m) am Weierbësch bei Krautem[1].

E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Schengen, Rëmerschen, Elveng, Munneref, Altwis, Uespelt, Fréiseng, Helleng.

Commons: Schengen-Helleng-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Informatiounen op Geoportail.lu