Op den Inhalt sprangen

Schiaparelli (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Schiaparelli (Moundkrater)
De Moundkrater Schiaparelli, opgeholl vum LROC-WAC
Eegenschaften
Breet 23.37° N
Längt -58.8° W
Duerchmiesser 24.2 km
Déift 2190 m[1]
Selenographesch Längt 59° bei Sonnenopgank
Genannt nom Giovanni Schiaparelli
(1835–1910)
Krut säin Numm am Joer 1935

Den Schiaparelli ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Äerdmoundsäit. Hie läit am Oceanus Procellarum tëscht dem Seleucus am Weste an dem Herodotus am Oste. De Rand vum Krater ass wéineg erodéiert. Ëstlech vum Schiaparelli verlafen d'Dorsa Burnet an nordsüdlecher Richtung.

Schiaparelli Breedegrad Längegrad Duerchmiesser
A 22,95° N -62,08° W 7,58 km
C 25,82° N -62,19° W 5,66 km
E 27,11° N -62,04° W 4,88 km

De Krater krut vun der IAU am Joer 1935 offiziell den Numm vum italieeneschen Astronom Giovanni Schiaparelli.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.