Schibbreger Tunnel

Vu Wikipedia
Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schibbreger Tunnel
Typ Eisebunnstunnel
Eisebunnstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz
Technesch Donnéeën
Längt 236 m
Réier 1
Kapp 1
Koordinaten
Kautebaach
49° 57’ 57.5’’ N
      06° 01’ 13.7’’ O
Kapp 2
Koordinaten
Lellgen
49° 58’ 04.6’’ N
      06° 01’ 09.93’’ O
Bau
Bauzäit1863
Opgemaach fir de Verkéier 1866
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Éislek

De Schibbreger Tunnel (och nach Schiebuerger Tunnel) ass en 236 Meter laangen eegleisegen Eisebunnstunnel op der CFL-Nordstreck, tëscht de Kilometerpunkte 64,190 a 64,426.

E läit eng ronn 2 km nërdlech hannert der Ofzweigung vun der Streck déi op Wolz leeft, tëscht den Tunnelle Bierden a Lellgen, südëstlech vun Alschent an der Gemeng Kiischpelt.

Den Tunnel gouf ëm 1863 gebaut an ass 1866 fir den Trafick opgaangen. Ë. a. 1905 gouf en an d'Rei gesat[1]. Den Tunnel huet säin Numm vum Schibbreger Schlass (Schiebuerg) dat ronn en hallwe Kilometer südëstlech vum Tunnel läit.

Tëschefall bei Maintenanceaarbechten[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vu Maintenanceaarbechten déi am August 2022 am Tunnel gemaach goufe fir ë. a. de „Plaffong“ op enger Längt vu 4 Meter ze verstäerken, ass eng gewësse Quantitéit Gestengs an den Tunnel gerëtscht[2]. Doduerch war den Trafick méi laang wéi nëmme fir d'Dauer vun den Entretiensaarbechten, déi sollte bis den 12. September 2022 daueren, ënnerbrach an d'Passagéier goufe weiderhi mat Bussen transportéiert[3][4][5]. Wann uganks vun Dezember 2022 oder Abrëll 2023 rieds goung, fir en nees opzemaachen, sou ass den Tunnel schlussendlech awer eréischt de 24. Juli 2023 nees opgaangen[6].

Och d'Strooss tëscht der Schibbreger Millen a Konstem, déi iwwer den Tunnel féiert, gouf aus Sécherheetsgrënn op engem Deel gespaart[7].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schibbreger Tunnel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Verdingung. Luxemburger Wort, 1905. Jg., nº 95, Morgenausgabe (05.04.1905), p. 4.. Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg (05.04.1905). Gekuckt de(n) 03.09.2022.
  2. CFL reagéieren op Incident an Zuch-Tunnel: Bei Renovéierungsaarbechten um Plaffong ass et zu engem Äerdrutsch komm. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-08-31.
  3. Bis Dezember kein Zugverkehr zwischen Kautenbach und Clerf. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2022-09-02). Gekuckt de(n) 2022-09-03.
  4. CFL, Actualisation : éboulement de la roche au sein du tunnel Schieburg (02.09.2022). Gekuckt de(n) 03.09.2022.
  5. Tunnel wäert no der Ouschtervakanz nees opgoen rtl.lu. Gekuckt de 6. Februar 2023
  6. (lb)Tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz: Zuch kann nees duerch den Tunnel Schiebuerg fueren. rtl.lu. Gekuckt de(n) 24.07.2023.
  7. Gemeng Parc Housen deelt mat: Streck tëscht Schëttbuergmillen a Konstem aus Sécherheetsgrënn deels gespaart. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-09-03.