Schinneschrauf

Vu Wikipedia

D'Schinneschrauf op der Eisebunn ass eng Schrauf, oder méi laang hier, en Nol dee gebraucht gouf, fir Schinne mat der Schwell ze verbannen.

De Schinnennol[änneren | Quelltext änneren]

Fixatioun mat Neel

De Schinnennol ass mat engem Hummer an d'Schwell erageklappt ginn. Hien hat op enger Säit eng Klo de méi wäit erausgestanen huet an deen an de Schinnefouss oder de Patin (den ënneschten, no ënne flaachen, Deel) vun der Schinn gegraff huet, an déi doduerch op d'Schwell gedréckt huet. Dës Method huet vill Aarbecht kascht well déi Neel zimmlech dacks hu missen nogeklappt ginn oder op enger anerer Plaz vun der Schwell hu misse frësch ageklappt ginn. Dat huet mat sech bruecht, datt d'Schinnen net ëmmer optimal op der Schwell oplouchen a bei schwéiere Belaaschtungen op d'Säit hu misse geréckelt ginn. Dat hat och mat der Form vun der Laffläch vun de Rieder ze dinn, déi liicht schréi sinn an doduerch Säitendrock op Schinn maachen.

D'Schinneschrauf[änneren | Quelltext änneren]

Tirefond

Den Tirefond als Schrauf huet de Virdeel, datt e sech besser unzéie léisst, allerdéngs ass déi Fixatioun méi deier ginn well eng speziell Klo huet misse gebraucht ginn, sou datt d'Materialkäschten an d'Luucht gaange sinn. Déi hu sech awer séier amortiséiert, well Schrauwentirefondë net sou dacks hu missen nogekuckt ginn, an och doduerch datt se duerch hiert Gewënn am Holz méi eng grouss Reiffläch haten a besser gepaakt hunn, a sech net sou séier konnte vum selwe lassdréien.

Well d'Verbindung mat der Klo a mat der Schinn zimmlech starr war hu sech d'Kraftmomenter nach ëmmer direkt iwwerdroen. Dat konnt duerch den Asaz vu Fiederkloe verhënnert ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Op dëse Biller sinn dräi Zorte Kloen ze gesinn, wéi se haut gebraucht ginn. Et gesäit een op de Biller:

  1. de Ballast.
  2. d'Schwellen
  3. eng Partie vun der Schinn
  4. ënnen um lénkse Bild: Eng Fiederklo mat der Chape wou se dra stécht déi mat zwéin Tirfonde gehalen ass.
  5. ënnen um mëttelste Bild: Eng modern Fixatioun mat Fiederklo a Fiederrank.
  6. ënnen um rietse Bild: Eng fest Klo mat hirer Verschrauwung an engem Tirfond deen an d'Schwell geet. Tëscht dem Tirfond an der Plack ass nach e Sprengrank (Fiederscheif) fir direkt Schléi op den Tirfond z'amortisséieren. De Sprengrank ass och nach do fir datt den Tirfond ëmmer soll belaascht sinn, a sech doduerch net sou séier lassdréine kann.
Fiederklo fir d'Schinn ze halen Modern Fiederklo Eng fest Klo