Schläifmillen (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Schläifmillen (2016)
D'Schläifmillen, Zeechnung vum Nicolas Liez (ëm 1834).

D'Schläifmillen zu Lëtzebuerg an der fréierer Gemeng Hamm, a bis 1873 ier Hamm eng eegestänneg Gemeng gouf, an der Gemeng Sandweiler, war eng vun de ville Millen déi ëm d'Stad Lëtzebuerg am Uelzechtdall funktionéiert hunn.

Et war e klenge Betrib, deen Eisen- a Metallgéigestänn geschlaff huet.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schläifmillen

Wéi d'Bridder Samson a Quetschlik Godchaux déi am Pafendall hir Wiefstill haten, déi al Hammer Mille[1] kaaft hunn, an do eng Wollwäscherei a Follmillen ageriicht hunn, hu se och d'Schläifmille kaaft, aus där den Haaptsëtz vun der Duchfabréck Godchaux Frères gouf.

Déi eelst Dokumenter déi d'Bridder Godchaux mat der Schläifmillen a Verbindung brénge stame vun 1837, wéi et eng Streiderei mam Zivilhospiz wéinst engem Stéck Terrain gouf.[2]

Déi éischt grouss Mechanisatioune koumen 1857 wéi eng Dampmaschinn vun 12 PS a Betrib geholl gouf.

D'Schläifmille war laang net nëmmen de wirtschaftlechen, mä och de politeschen Zentrum vun der Gemeng Hamm. D'Gemengesekretariat war schonn ëmmer do, an 1900 gouf och de Sëtzungssall dohi verluecht. Op der Mille waren d'Infrastrukture geschwë besser wéi an der Gemeng selwer. D'Kanner goungen zwar op Hamm an d'Schoul, awer vun 1888 un huet op der Schläifmillen eng sougenannt Kleinkinderbdewahranstalt funktionéiert, déi vun der Duchfabréck finanzéiert gouf. D'Schläifmillen hat och laang virun der Gemeng hiren eegene Pompjeeskorps.

D'Duchfabréck huet den 30. Juni 1939 hir Dieren zougemaach.

Duerno gouf d'Secalt vun der Polvermille Proprietär an 1980 krut d'Stad Lëtzebuerg d'Gebaier, déi en Atelier fir Kënschtler dran ageriicht huet. Zanter 1986 gëtt dat fréiert Wolllager vun der Inter-Actions a.s.b.l. als Qualifizéierungsatelier an Zesummenaarbecht vun der Stad an dem Familljeministère benotzt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schneider, K; Notrott, J. Schläifmillen / Schleifmühle Geschichte und Gegenwart der Tuchfabrik Godchaux in Luxemburg, Imprimerie Centrale 2007 ISBN 978-2959973321

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Inna Ganschow, 2017, „Schleifmühle - Geschichte eines Imperiums“, am „Wortex - Luxemburger Wort Weekend Magazin“, Nr 29, November 2017, S. 18-21

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schläifmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hammer Millen op industrie.lu
  2. Schläifmillen / Schleifmühle Geschichte und Gegenwart der Tuchfabrik