Schlësselbeen

D'Schlësselbeen (lat.: clavicula) ass eng laang, flaach Schank an der Form vun engem kursiven "S" am Skelett vu ville Wierbeldéieren. Beim Mënsch läit et am viischten, ieweschten Deel vum Broschtkuerf a verbënnt iwwer Gelenker d'Broschtbeen (sternum) mam Schëllerblat (scapula).[1]
Beim Mënsch
[änneren | Quelltext änneren]Beim Mënsch kann een d'Schlësselbeen ënnert der Haut gutt ertaaschten. Et gëtt der zwee, eent op all Säit vun der ieweschter Broscht. D'Schlësselbeen ass eng vun de Schanken, déi den Aarm mam Rescht vum Uewerkierper verbënnt, d'Schëller stabiliséiert, an esou eng grouss Beweegungsfräiheet vun den Äerm erméiglecht. Et schützt och wichteg Bluttgefäässer an Nerven, déi vum Hals a Richtung vun den Äerm verlafen.
Well et esou exposéiert läit, kënnt et relativ heefeg zu enger Fraktur vum Schlësselbeen, zum Beispill bei engem Accident oder beim Sport. A ville Fäll léisst sech dee Broch behandelen, andeems deen Deel vum Kierper eng Zäitche roueggestallt gëtt, beispillsweis mat engem Verband. Bei méi eeschte Fäll muss operativ agegraff ginn.[2]
Bei den Déieren
[änneren | Quelltext änneren]D'Schlësselbeen ass net bei alle Wierbeldéieren d'selwecht ausgepräägt oder iwwerhaapt do. Primaten (zum Beispill Mënschen, Afen) brauchen déi Schank, fir ze klammen a fir hir héich Schëllerbeweeglechkeet, Knabberdéieren (z. B. Mais, Kaweechelcher) fir prezis Beweegunge vun hire viischte Been, a Fliedermais fir d'Beweegung vun de Flilleke beim Fléien.
Bei de Vullen ass d'Schlësselbeen zu enger V-fërmeger Schank, déi Furcula (op Däitsch: Gabelbein) heescht, verwuess. Kazen- an Hondsdéieren zum Beispill hunn, wann iwwerhaapt, just rudimentär Iwwerreschter un engem Schlësselbeen, déi net mat den anere Schanke verbonne sinn. Doduerch sinn hir viischt Bee beim Lafe méi beweeglech. Fësch hunn an der Reegel kee Schlësselbeen, well hir Flossen anescht opgebaut sinn a si keng Schëllergelenker wéi d'Landwierbeldéieren hunn.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- E mënschlecht Schlësselbeen.
- Animatioun mam Schlësselbeen am mënschleche Skelett.
- D'Schlësselbeen, wéi et bei enger Fra ënnert der Haut siichtbar ass.
- D'Schlësselbeen am Skelett vun enger Flierdmaus (clavicle, oder cl).
- D'Furcula an engem Vulleskelett (Nummer 3).
- Zeechnung vum Skelett vun engem Kaweechelchen, bei deem een d'Schlësselbeen erkennt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Schlësselbeen – Biller, Videoen oder Audiodateien |