Schlass Hamel

Vu Wikipedia
Schlass Hamel

D'Schlass Hamel steet zu Lummen an der belscher Provënz Limburg.

Op der Plaz wou dat haitegt Schlass steet stounge vum 14. Joerhonnert un, verschidde Schlässer déi ëmmer erëm ofgerappt an ëmgebaut goufen. D'Schlass wéi et haut do steet gouf op de Reschter vun engem Schlass aus dem 17. Joerhonnert opgeriicht, dat deemools vun der spuenescher Famill de Zerezo de Tejada gebaut gouf.

Dat neit Schlass vun 1947 ass en neo-klassescht Gebai am Louis XVI-Stil. Am Gebai goufen Elementer aus de Schlässer vu Kermt a vu Wideux verschafft.

De Park ëm d'Schlass huet 42 ha an ass als Arboretum ugeluecht, an deem och méi al Beem mat abegraff goufen. Sou kann en do z. B. rar Exemplare vun décken Trauerbichen, Fagus sylvatica pendula, gesinn.

De Park an de Gaart waren awer schonn am 19. Joerhonnert vum Gaardenarchitekt Jean Gindra vu Léck geplangt a realiséiert ginn. De Gindra hat och d'Pläng vum Gaart vum Schlass vu Beloiel a vum Schlass Vaeshartelt zu Maastricht tëscht 1850 an 1860 gemaach.

De leschte Bewunner vum Schlass war de Barong André de Moffarts, deen 2004 gestuerwen ass.

Duerno ass d'Schlass an d'Hänn vun enger Konschtmuseumsstëftung komm.

Koordinate vum Schlass: 50° 58’ 56’’ N 05° 11’ 14’’ O