Schlass La Fontaine

Vu Wikipedia
Schlass La Fontaine
Déi eelst Vue vum Mansfeldschlass (1590-1598), eng aquarelléiert Tuschzeechnung déi dem Tobias Verhaecht (1561-?1631) zougeschriwwe gëtt.
Typ Buerg,
zerstéiert Gebai
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Clausen
Koordinaten 49°36'51"N, 6°8'36"O
Bauhär Péiter Ernest I. vu Mansfeld
Zu Éiere vun Péiter Ernest I. vu Mansfeld
Ausgegruewen Iwwerreschter vum Schlass, Abrëll 2008

La Fontaine ass den Numm vum Schlass vum Péiter Ernest vu Mansfeld, dat dee vu 1563 un a Clausen baue gelooss huet.

D'Bauaarbechten hu bal 40 Joer gedauert an hunn ugefaangen, wéi de vu Mansfeld a seng zweet Fra, d'Marie de Montmorency, d'Klaus an d'Magréitskapell, déi dozou gehéiert huet, 20 Haiser a weidere Grondbesëtz vun der Abtei Neimënster ofkaaft hunn.

Fir d'Schlass La Fontaine kënnen ze bauen, huet hien d'Strooss tëscht dem Neiduerf a Clausen ënnerbrach an eng nei Trass ronderëm säin Terrain leeë gelooss. Och den alen Déieregaart vun de Grofe vu Lëtzebuerg huet hie gepacht a mat abezunn, an Terrainen, déi der Mënsterabtei gehéiert hunn, mat aneren, déi e kaaft hat, getosch. 1590 gouf ugefaangen, dee ganzen Terrain mat enger Mauer z'ëmfaassen.

Vum Schlass ass haut net méi vill erhalen. Duerch Beschreiwunge vum Jean Guillaume Wiltheim wësse mer, wéi et bannenan dekoréiert war. Op verschiddenen ale Stadpläng, besonnesch op deem vum Jacob van Deventer, ass ze gesinn, wou d'Schlass stoung.

Am Schlassgaart gouf e sougenannte Venusbur ugeluecht. Dëst war e véiereckege Baseng mat hallefkreesfërmegen Absiden, mat an der Mëtt enger Venus, déi op engem Wal geridden ass. Ronderëm stoungen en ettlech Putten- an Déierefiguren, déi Waasser gespaut hunn. Méi spéit gouf nach eng Pergola ronderëm de Baseng ugeluecht.

Dëse Buer, oder wat dovun erhalen ass, ass zanter 2003 vum Staatsmusée am Gaang, ausgegruewen ze ginn. Och e sougenannten Hypaethrum, eng Zort kënschtlech Grottelandschaft, an de Péitrusbur goufen nees fräigeluecht.

Wéi de Péiter Ernest vu Mansfeld 1604 gestuerwen ass, waren d'Aarbechten nach ëmmer net ofgeschloss. Hien huet säi Besëtz, dorënner d'Schlass "La Fontaine", dem spuenesche Kinnek Philippe III. vermaach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reiter, Benoît, 2023. T'Huys van Mansfeld. Le château « La Fontaine » dans un succès d'édition de l'époque moderne. Hémecht 2023 (2): 212-222.
  • Milani-Nia, Shaaf; Uhrmacher, Martin, 2023. Mansfeld Revisited. L'ancien château « La Fontaine » et son parc à Luxembourg-Clausen / Das ehemalige Schloss „La Fontaine“ und sein Park in Luxemburg-Clausen. État de la recherche, comparaison internationale et perspectives d'avenir / Forschungsstand, internationaler Vergleich und Zukunftsperspektiven. Luxembourg: Ville de Luxembourg. 978-99959-0-869-0
  • Mousset, Jean-Luc, 2021, Jardins, guinguette, bains et lavoir, Die Warte 16|2687 vum 20. Mee 2021, S. 4-5
  • Mousset, Jean-Luc, 2019. Une splendeur perdue. Histoire de la destruction du «Mansfeldschlass (1)». Die Warte 23|2623 vum 19. September 2019, S. 8-9.
  • Mousset, Jean-Luc, 2019. Quel programme pour le parc Mansfeld?. nos cahiers 2019/2:113-126.
  • Kabierske, Georg, Mousset, J.-L., Paulke, Mathias, Reiter, Benoît, 2017. Un dessin de Jacques Pennier (1656 - vers 1720) représentant l´ancien château de Mansfeld à Luxembourg-Clausen. Hémecht 69|2, S. 161-187.
  • Mousset, J.-L., 2016. Un «designed landscape» bien préservé et unique en Europe. Die Warte 25|2518 vum 29. September 2016, S. 6-7.
  • Mousset, J.-L., 2016. Das "Mansfeld Schlass" in Clausen. Lustschloss und Residenz. Grundzüge eines Gesamtkunstwerks und Teil der Kunst der Alten Niederlande in Luxemburg. Die Warte 9|2502 vum 10. Mäerz 2016, S. 7-10.
  • Paulke, Matthias, 2017. Das unvollendete Schloss. Der östliche Gartensaal - Neue Grabungen im Park des Mansfeldschlosses. Die Warte 14|2543 vum 4. Mee 2017, S. 6-7.
  • Schoellen, M., 2014. Mansfeld und das "Neue Luxemburg". Historischer Streifzug durch Clausen.
I/III. Die Warte 10|2432 vum 20. Mäerz 2014, S. 4-5.
II/III. Die Warte 11|2433 vum 27. Mäerz 2014, S. 6-7.
III/III. Die Warte 12|2434 vum 3, Abrëll 2014, S. 4-5.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]


Commons: Chateau Mansfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien