Op den Inhalt sprangen

Schlass Weimerech

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schlass Weymerich)
Schlass Weimerech
D'Schlass Weimerech ëm 1900
Geographesch Donnéeën
Land Lëtzebuerg
Gemeng Jonglënster
Plaz Weimerech
Koordinaten 49°42'9,5"N, 6°16'22,4"O
Donnéeë vum Gebai
Datum vum Bau 1899
Ofgerappt oder zerstéiert Januar 2026
D'Plaz wou d'Schlass bis uganks 2026 stoung…

D'Schlass Weimerech (och an der Schreifweis Weimericht oder Weimerich) war en herrschaftlecht Haus an der Gemeng Jonglënster. Et stoung laanscht den CR132, tëscht Gonnereng an Eescheler, am Naturschutzgebitt Weimericht. Enn Januar 2026 gouf et ofgerappt.[1]

D'Haus gouf 1899 fir de Geschäftsmann Virgil Burg gebaut[2]. Et gouf e puermol rafistoléiert an ëmgebaut.

Zulescht huet eng eeler Koppel dra gewunnt, déi béid am November 2004[3] gestuerwe sinn. Zanterdeem stoung d'Haus eidel an ass lues a lues verfall. D'Gemeng Jonglënster huet et 2006 fir 135.000 Euro[3] vun engem Ierwe vun der Koppel ofkaaft, mee jorelaang weider näischt dru gemaach. 2017 huet s'et du fir 30 Joer der Natur- a Bëschverwaltung verlount. Déi wollt do eng Zort "Hotel" fir Fliedermais draus maachen. Well d'Bausubstanz sech an de 5 Joer dono weider verschlechtert huet, a weider näischt um Bau geschitt ass, goufen dës Pläng der Naturverwaltung ze deier. Duerfir ass e Fliedermaustuerm an der direkter Noperschaft opgeriicht ginn[4][5], deen den 11. Juni 2025 ageweit gouf. D'Gebai blouf weider dem Verfall iwwerlooss, bis et dann uganks 2026 ofgerappt gouf.

No der Anne Schroeder aus dem Gemengerot hätt d'Schlass Weimerech nach ni eng Roll fir Jonglënster gespillt.[6]

 Commons: Schlass Weimerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Irina Figut: "Abriss voll im Gange - Hintergrund: Das Schloss Weimerich verschwindet – doch was kommt danach? wort.lu, 29.01.2026.
  2. Quell, wou net anescht uginn: "Junglinster: Ein Schloss für Fledermäuse." tageblatt.lu, 26. August 2020, 17.05 Uhr.
  3. 1 2 Einsam und verlassen an der Literatur
  4. Volker Bingenheimer, Nicht einmal Fledermäuse wollen ins verfallene Schloss einziehen. Die Naturverwaltung hatte vor, die Ruine bei Junglinster für Fledermäuse umzubauen. Dann schreckte sie vor den exorbitanten Kosten zurück., wort.lu [€] 18.5.2024
  5. (lb) Schlass Weimerech zerfält, Aus dem Fliedermaus-Hotel gëtt näischt, ma eng Alternativ ass geplangt.. rtl.lu (3.8.2024). Gekuckt de 4.8.2024.
  6. Volker Bingenheimer: "Baufällige Villa bei Junglinster, Das Fledermaus-Schloss, das niemand will." wort.lu [€], 7.12.2022 // Niemand will das Fledermaus-Schloss, Die einen wollen es abreißen, die anderen am liebsten loswerden. Aus den Plänen, Schloss Weimerich zu einem Biotop für Fledermäuse umzubauen, wird wohl nichts, Luxemburger Wort, 9. Dezember 2022, S. 16