Schlass vu Mir

Vu Wikipedia
Schlass vu Mir
Land Wäissrussland
Plaz Mir
Koordinaten 53° 27’ 04’’ N 26° 28’ 23’’ E
Fläch 27 ha
Baustil Renaissance, Barock
Statut Weltierwen
Datum vum Bau 16. Jh.
Proprietär Zygmunt Karol Radziwiłł
Zeechnung vum Napoleon Orda, 1876

D'Schlass Mir (Wäissrussesch: Мірскі замак) ass e Schlass aus dem 16. Joerhonnert bei der Stad Mir am Hrodsenskaja Woblasz a Wäissrussland.

D'Bild vum Schlass gëtt duerch fënnef zillen Tierm dominéiert. De Baustil ass eng Mëschung aus Stilelementer vun der Gotik, der Renaissance an dem Barock an domat en typescht Beispill fir déi sougenannt Magnatenarchitektur aus der Zäit vun der polnesch-litauescher Herrschaft.

D'Schlass gouf am Joer 2000 op d'Lëscht vun de Weltkulturierwe vun der UNESCO agedroen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vu 1506 bis 1510 huet den Herzog Juri Iljinitsch amplaz vun engem hëlzene Feudalschlasse, dat vun den Tataren néiergebrannt gi war, eng Zitadell baue gelooss, mat ronderëm enger Schutzmauer mat fënnef Tierm. Déi Festung huet e quadratesche Grondrëss mat 75 Meter Säitelängt. 1568 huet de Fürst Mikołaj Krzysztof Radziwiłł déi Festung iwwerholl. Se gouf zu enger Adelsresidenz ausgebaut, andeems e Wunnkomplex, deen aus zwéi Fligele bestoung, laanscht déi bannenzeg Mauer bäigebaut gouf. Hire Verdeedegungszweck blouf awer nach erhalen.

1655, 1705 an 1784 gouf Mir geplëmmt, ë. a. vu Kosaken, Schweeden, a Russen.

Nom Doud vum Dominik Hieronim Radziwiłł goung d'Schlass 1813 u seng Duechter Stefania déi sech mam Ludwig zu Sayn-Wittgenstein-Berleburg bestuet huet. Duero huet hir Duechter Maria et geierft, déi hirersäits mam Fürst Chlodwig Hohenlohe-Schillingsfürst bestuet war.

1895 hunn d'Maria an hire Jong, de Moritz zu Hohenlohe-Schillingsfürst d'Schlass dem russesche Generol Nikolai Swjatopolk-Mirski (1833–1898) verkaaft. Deem säi Jong Mikhail huet d'Schlass no Pläng vum Architekt Teodor Bursze nees opbaue gelooss. Et blouf bis 1939, wéi d'Sowjetunioun den ëstlechen Deel vu Pole besat huet, am Besëtz vun der Famill Swjatopolk-Mirski.

1941, wärend dem Zweete Weltkrich, hunn déi däitsch Besatzer aus dem Schlass e Ghetto fir déi jiddesch Bevëlkerung gemaach, ier s'ermuert goufen.

Tëscht 1944 an 1956 gouf d'Schlass als einfacht Wunnhaus benotzt, woubäi villes vun de Bannendekoren zerstéiert gouf.

1980 hunn op en Neits Rekonstruktiounsaarbechten ugefaangen..

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schloss Mir – Biller, Videoen oder Audiodateien