Schlass vun Dover

Vu Wikipedia
D'Schlass mat hannen am Bild den Hafe vun Dover
De Réimesche Liichttuerm vun Dover

D'Schlass vun Dover läit op enger Kopp déi direkt beim Äermelkanal ass, am Nordoste vum Hafe vun Dover an der Grofschaft Kent, an England.

Et ass déi Plaz an England déi am nooste bei Frankräich a beim europäesche Kontinent läit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No der Schluecht vun Hastings, huet Dover sech dem Wëllem den Eruewerer erginn an hien huet d'Festungsanlage vergréissert.

Den englesche Kinnek Henry II. huet dat haitegt Schlass baue gelooss. De Buergfrid gouf an de Joerhonnerten duerno e puermol ëmgeännert, an déi gréisst Ëmännerung war am 16. Joerhonnert ënner dem Henry VIII.

De réimesche Liichttuerm[änneren | Quelltext änneren]

De réimesche Liichttuerm vun Dover bekannt ënner dem Numm « Roman lighthouse » oder och nach « Pharos », gouf am Joer 43 just no der réimescher Invasioun gebaut.

Den Tuerm ass baussen aachteckeg a bannendra véiereckeg. D' Kroun huet mëttelalterlech Zënnen.

De Guet dovu war d'Tour d'Ordre zu Boulogne-sur-Mer déi praktesch vis-à-vis um Festland stoung. Dësen Tuerm ass awer schonn zanter dem 17. Joerhonnert ofgerappt, d'Pläng dovu gëtt et awer nach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Château de Douvres – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Schlass