Schleis vun Ivoz-Ramet

Vu Wikipedia

D'Schleis vun Ivoz-Ramet an der Belsch ass eng Schleis op der Meuse déi tëscht 1987 an 2000 gebaut gouf. Si ersetzt eng al Schleis vun 1938.

D'Schleis selwer besteet aus enger grousser Schleisekummer fir Schëffer vun der Klass IV (136 x 14), an aus enger klenger Schleisekummer déi net a Betrib ass (55 x 7). Den Héichtenënnerscheed ass 4,45 Meter. De Waasserniveau am ieweschte Schleisebaseng läit bei 64,45 Meter. Iwwer Radio geschitt d'Kommunikatioun mat de Schëffer iwwer de VHF-Kanal 22. Wéi och déi aner 14 Schleisen op der ieweschter Meuse an der Belsch ass se mat enger Fëschleeder ekipéiert.

Mat an d'Schleisenanlagen agebaut ass eng elektresch Zentral, an iwwer d'Schleisen an d'Zentral feiert eng Autosbréck déi d'Nationale 90 mat der National 617 tëscht Ivoz-Ramet um rietsen Uwänner, a Flémalle um lénkse verbënnt.

Nei Schleis[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Juni 2010 gouf en Appel d'offres lancéiert, fir de Bau vun enger neier Schleis vun 225 x 25 Meter, déi et Schëffer aus der Klass VIb (bis 9.000 Tonnen) erlabe soll bis op Namur ze fueren. De Projet soll 64 Milliounen Euro kaschten. D'Europäesch Kommissioun, huet e Subsid vu 15,2 Milliounen accordéiert. [1] Déi nei Schleis soll 2014 a Betrib goen. Et ass geplangt déi nei Schleis an d'Plaz vun der kënschtlecher Insel ze bauen, déi bis elo déi zwou aner Schleise vuneneen trennt.

Mat engem Tonnage vun no un 10 Milliounen, ass et déi meescht benotzt Schleis an der wallounescher Regioun

Am Hierscht 2011 gouf mat den Aarbechten ugefaangen.[2]. Fir d'Terrassements- a Baumaterial vun der kënschtlecher Insel, tëscht den zwou ale Schleisen, fort- oder dropzeféieren, gouf eng ronn 300 Meter flossop eng Pontonsbréck aus Huelkëschten opgeriicht, déi op den Uwännere mat Stempelankere festgemaach ass.

Am September 2015 ass déi nei Schleis a Betrib gaangen.

Nopeschschleisen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ministère Wallon de l'Équipement et des Transports Le barrage d'Ivoz-Ramet (prospectus), Namur (Belgique), 2000.
  • Willems, G. Le barrage de Ramet-Ivoz, dans "Ossature métallique", novembre 1936 v. 5.
  • Willems, G. Le barrage éclusé de Ramet-Ivoz, sur la Meuse, dans "La Technique des Travaux", février 1938, n. 2 v. 14.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Informatioun vun der Région Wallonne gekuckt de 27.03.2011
  2. Vum Auteur de 4. Oktober 2011 op der Plaz gesinn