Schluecht beim Trasimeno-Séi

Vu Wikipedia
All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus.
Schluecht beim Trasimeno-Séi
Lag vum Trasimeno-Séi am haitegen Italien
Datum 217
Plaz Trasimeno-Séi, Italien
Resultat Victoire vun de Karthager
Kontrahenten
Karthago Réimesch Republik
Kommandanten
Hannibal Gaius Flaminius
Truppen op der Plaz
55 000 30 000
Verloschter
1.500 bis 2.500 15.000
Konflikt
Zweete Punesche Krich

D'Schluecht beim Trasimeno-Séi,(ital. lago trasimeno, lat.:trasimenus lagus) war een Evenement am Zweete Punesche Krich bei dem de karthagesche Feldhär Hannibal d'Réimer geschloen huet. Zu der Schluecht koum et am Fréijoer 217. D'Eenzelheete vun der Schluecht sinn eis duerch d'antik réimesch Schrëftsteller Titus Livius a Polybios bekannt. Allerdéngs hu mer keng Quellen, déi dëst Evenement aus karthagescher Siicht erzielen.

De geschichtleche Kader vun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Punesch Kricher waren e Kampf ëm d'Virherrschaft am Mëttelmier. D'Kontrahente waren d'Punescht Räich mat senger Haaptstad Karthago souwéi d'Réimescht Räich dat zu der Zäit vun dëse Kricher eréischt am Opbau war, an an éischter Linn e Bündnissystem vun der Stad Roum an de Stämm ronderëm war.

Den Éischte Punesche Krich ass op Joer 241 mat der Néierlag vu Karthago an der Schluecht bei den Ägateschen Inselen op en Enn gaangen. Karthago huet domat all hir besate Gebidder op Sizilie verluer. D'Follgen dovu waren, datt Sizilien, Korsika a Sardinien zu réimesche Provënze goufen. Trotz dëser Néierlag konnt Karthago seng Virherrschaft op der Ibeerescher Hallefinsel ausbauen an huet am Abrëll 218 vun do aus en neie Feldzuch géint d'Réimer gestart. De Grond dofir war, datt Karthago d'Fuerderung vun de Réimer, den Hannibal wéinst angeblecher Vertragsverletzung auszeliwweren, ofgeleent huet, a Roum Karthago de Krich erkläert huet.

Evenementer virun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Ibeeresch Hallefinsel an d'Alpen[änneren | Quelltext änneren]

Fir den Ugrëff op Roum huet den Hannibal de Landwee erausgesicht. Karthagesch Kundschafter hate virdrun d'Gebidder ënnersicht, duerch déi d'karthagesch Arméi zéie misst, a mat de Gallier de fräien Duerchzuch vun der punescher Trupp ausgehandelt. Verschidde keltesch Stämm hate souguer eng Ënnerstëtzung am Kampf géint Roum zougesot. Och de Wee iwwer d'Alpe war fir d'Kundschafter méiglech.

Mat enger Arméi vu 50.000 Mann, 9.000 Reider a 37 Krichselefanten ass den Hannibal iwwer d'Pyrenäe marschéiert, ass weider Richtung Rhône gaangen, huet Südfrankräich hanner sech gelooss an ass warscheinlech am spéiden Oktober 218 bei den Alpen ukomm, an ass a 15 Deeg driwwer gaangen. Den Historiker Nigel Bagnall schätzt, datt dem Hannibal seng Arméi nodeem en iwwer d'Alpe war, nach aus ronn 34.000 Mann bestanen huet. D'Verklengerung vun der Arméi ass net nëmmen op Verloschter duerch kleng Ausernanersetzunge mat réimerfrëndleche Stämm an de strapaziéise Marsch iwwer d'Alpen zeréckzeféieren. Eng Rei vun de karthageschen Zaldote sinn op d'Ibeeresch Hallefinsel zeréckgeschéckt ginn, well hire Militärdéngscht eriwwer war, verschiddener sinn desertéiert, aner Zaldote sinn um Wee postéiert ginn.

Dem Hannibal säi Virmarsch war de Réimer bekannt. Well den Hannibal huet misse bis nom Wanter waarde fir iwwer den Apennin ze goen, haten d'Réimer genuch Zäit sech mat zwou Arméien an der Géigend vun de Stied Ariminium (Rimini) an Arretium (Arezzo) ze postéieren. De But vun dëser Opstellung war et, dem Hannibal seng Truppen do ze stellen, fir se mat deenen zwou Arméien an d'Zaang ze huelen. Déi zwou Arméie goufe vun de béide Konsule vun deem Joer, Gnaeus Servilius Geminus a Gaius Flaminius, ugefouert.

Iwwer den Apennin[änneren | Quelltext änneren]

Duerch Späher war den Hannibal iwwer de Virmarsch vun de réimeschen Truppen informéiert. Fir der geféierlecher Situatioun z'entgoen, huet hien d'réimesch Strategen op en Neits iwwerrascht. Beim éischten Unzeeche vum Fréijoer ass hie schonn iwwer den Apennin gaangen, laang éier d'Päss sécher waren. Doduerch huet hien eng grouss Zuel vu sengen Zaldoten an all Elefante bis op ee verluer. Nodeems s'en iwwer de Pass war, hunn d'Héichwaasser vun de Flëss an d'Fréijoersiwwerschwemmunge seng Arméi weider geschwächt. Mä d'Iwwerraschung war him gelongen: déi zwou réimesch Arméien, déi nach net asazbereet waren, konnten de Virmarsch net verhënneren, an hunn der karthagescher Trupp missen nolafen, déi sech op de Wee op Roum gemaach huet.

Zu engem éischte kuerze Gefecht tëscht Réimer a Punier koum et schonn beim Floss Flavius. Eng zweet militäresch Konfrontatioun war d'Schluecht op der Trebia. Dat war dem Hannibal seng éischt grouss Victoire iwwer d'Réimer, bei där eng grouss Partie vu réimeschen Zaldoten hiert Liewe gelooss hunn.

No där Victoire huet den Hannibal seng numidesch Reider benotzt fir déi lescht réimesch Bastiounen am Po-Dall z'erueweren an huet mat Victumulae e réimeschen Handelsstëtzpunkt bei Placentia besat. Den Titus Livius erzielt vu grausame Plënnereie vum Hannibal sengen Truppen. Well deen allerdéngs bis dohin éischter eng "frëndlech" Politik praktizéiert huet, fir d'Réimer op seng Säit ze zéien, gëtt d'Wouerecht vun deem Temoignage vun haitegen Historiker staark ugezweifelt.

De Marsch duerch d'Suppe vum Arno huet den Titus Livus sou beschriwwen:

Obwohl sich ihm ein anderer längerer, doch bequemerer Weg zeigte, schlug [Hannibal] den näheren Weg durch die Sümpfe ein, wo der Fluß Arno in diesen Tagen stärker als gewöhnlich über die Ufer getreten war. Den Spaniern und Afrern - diese waren die gesamte Kerntruppe seines altgedienten Heeres - befahl er, die Spitze zu übernehmen...Die Gallier sollten folgen, damit sie die Mitte des Heerzuges bildeten und als letzte sollten die Reiter ziehen. Danach sollte Mago mit seinen Numidern ohne Gepäck den Zug abschließen und dabei besonders die Gallier zusammenhalten, wenn sie des langen, mühseligen Weges überdrüssig auseinanderlaufen oder Halt machen wollten. Denn dieses Volk ist solchen Strapazen gegenüber weichlich... Am meisten von allem rieb sie das Wachbleiben auf, das sie schon vier Tage und drei Nächte hatten ertragen müssen. Da alles die Wassermassen bedeckten und sich nichts finden ließ, wo sie auf trockenem Grund ihre müden Leiber hätten ausstrecken können, türmten sie Gepäck im Wasser aufeinander und legten sich darauf. (Titus Livus, Der Punische Krieg, däitsch Iwwersetzung)

De Wee duerch Etrurien[änneren | Quelltext änneren]

Etrurien, d'Land tëscht Arno an Tiber, war deemools e wichtege Bündnespartner vu Roum. Et war ausserdeem eng Pufferzon géint Invasiounen aus dem Norden. Beim Duerchmarsch duerch Etrurien, huet den Hannibal um Ufank seng Frëndlechkeetspolitik bäibehalen, mä nodeem d'punesch Truppen zu Arretium ukomm waren, huet sech dat geännert. Et koum zu Plünderungen a Verwüstunge vu Felder a Bauerenhäff. Dëst ka suwuel eng Reaktioun op de Wonsch no Krichsbeute vun den Truppe gewiescht sinn, wéi och eng bewosst Politik vum Hannibal, fir d'Versuergung vun der réimescher Arméi méi schwéier ze maachen, an de Flaminiu zu engem Ugrëff ze provozéieren. An effektiv ass den Deel vun der réimescher Arméi ënner dem Flaminius dem Hannibal sengen Truppe gefollegt, ouni op d'Verstäerkung vum Servilius ze warden. Dem Hannibal seng Truppebeweegungen hunn nogeluecht, datt hien um direkte Wee op Roum ass. Dat huet de Flaminius duerchaus och beaflosst, sech dem Hannibal sou séier wéi méiglech an de Wee ze stellen.

D'Stad Cortona, nërdlech vum Trasimenesche Séi, blouf vun de Verwüstunge vum Hannibal verschount. Fir d'Réimer huet sech des Stad also als Versuergungsstatioun ugebueden, an et ass net auszeschléissen, datt den Hannibal dat bei senger Virgoensweis berücksichtegt huet.

Den Owend virun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Duerch den intensiven Asaz vu Späher war den Hannibal iwwer all Truppebeweegunge vu sengem Géigner, geneesou wéi iwwer den Terrain gutt informéiert. E Bësch, deen den Trasimeno-Séi vum Tiber getrennt huet, an dobäi nëmmen e schmuele Wee um Ufer fräigelooss huet, iwwer deen d'Truppe marschéiere konnten, huet den Hannibal als Virbereedung fir eng Fal benotzt: Hien huet sech mat senger Arméi um nordëstlechen Ufer op enger Längt vun ongeféier 10 km an dësem Bësch verstoppt. D'Arméi vum Konsul Gaius Flaminius huet hiert Lager um nërdlechen Ufer vum Séi opgeschloen, well dat deen eenzeg raisonabele Wee op Cortona war, ouni d'Géigend missen op feindlech Truppen ënnersichen ze loossen. De Konsul war iwwerzeegt, den Hannibal wier scho wäit virun him, um Wee fir op Roum. Vläicht wollt en och seng Arméi no der ganzer Hetz e bësse raschte loossen. Dësen taktesche Feeler gouf dem Flaminius dacks virgeworf, well en domat dem Hannibal an d'Hänn gespillt huet.

D'Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schluecht vum Trasimenesche Séi

Dem Hannibal seng Fal[änneren | Quelltext änneren]

An de fréie Moiesstonnen hunn d'Réimer hiert Lager ofgebrach a sech op de Wee Richtung Tiber gemaach. Den Titus Livius an de Polybios si sech eens datt en ongewéinlech staarken Niwwel iwwer dem Séi louch, an et quasi onméiglech war, déi ganz Trupp am A ze behalen. Verschidde modern Historiker, wéi den Nigel Bagnall, halen dat awer fir eng Entschëllegung fir den Desaster dee sech an den nächste Stonnen ereegne wäert.

Egal wéi waren d'Réimer duerch de schmuele Wee laanscht d'Ufer gezwongen, hannereneen ze goen, an d'Arméi huet sech iwwer eng laang Distanz ausgebreet. Am Bësch hunn dem Hannibal seng Leit gewaart, bis all d'Réimer um Wee laanscht d'Ufer waren, an hunn Entrée a Sortie zougemaach.

D'Réimer waren ganz verwonnert iwwer den Ugrëff vum Hannibal. D'Haaptleit, déi duerch den Niwwel net genee erkenne konnten, wat lass war, hunn ze spéit den Uerder ginn, unzegräifen, an d'Réimer, déi sech fir eng laang Wanderung prett gemaach haten, haten hir Waffen net parat.

Der Römer merkte am Gebrüll, das sich an allen Seiten erhob, noch bevor er es deutlich sah, daß er umzingelt sei, und der Kampf begann vorn und in den Flanken früher, als daß die Schlachtreihe gehörig aufgestellt oder die Waffen zum Kampf gerüstet und die Schwerter gezückt werden konnten....Indes konnte vor Lärm und Getümmel weder Rat noch Befehl vernommen werden, und [die Römer] erkannten nicht nur ihre Feldzeichen, Reihen und ihren Platz nicht, sondern ihr Mut reichte auch kaum aus, die Waffen zu ergreifen und zur Schlacht zu rüsten, und manche wurden mehr unter ihrer Last als unter ihrem Schutz überwältigt. Und in so starkem Nebel taten die Ohren besseren Dienst als die Augen. Nach dem Gestöhn der Verwundeten, nach dem Laut der getroffenen Körper oder Waffen und nach dem Durcheinander von wildem und ängstlichem Geschrei wandten sich Gesicht und Augen umher. (Titus Livius, Der Punische Krieg, däitsch Iwwersetzung)

Sou hu vill Réimer schonn an den éischte Minutte vun der Schluecht hiert Liewe gelooss. Aner Zaldoten, déi déi éischt Well iwwerstanen haten, sinn an de Séi geflücht. De Polybios schreift iwwer déi Zaldote Follgendes:

Diejenigen, die zwischen Ufer und Hang überrascht wurden, starben in schamvoller und elender Weise; vom Ansturm in den See gezwungen versuchten einige in ihrem namenlosen Terror trotz Rüstung zu schwimmen und versanken und ertranken; eine größere Anzahl floh soweit sie konnte in den See hinein und blieb erst stehen, als sie nur noch mit den Köpfen aus dem Wasser ragten. Und als die [karthagische] Reiterei den [römischen Soldaten] in den See folgte und diese den sicheren Tod vor Augen hatten, hoben sie ihre Hände, boten ihre Aufgabe an und flehten mit jeglichem erdenklichen Grund um Gnade und wurden letztlich doch vom Feind erledigt oder baten in einigen Fällen ihre Kameraden um die Gnade des Todesstoßes oder fügten ihn sich selbst zu. (Polybios, däitsch Iwwersetzung)

Nëmmen am viischte Beräich konnt eng Trupp vu 6.000 Réimer sech duerch d'Bascht maachen. Nodeem d'Kavallerie vum karthagesche Maharbal net méi um Ufer gebraucht ginn ass, huet si d'Flüchtlinge verfollegt a gefaange geholl.

Wéi de Konsul Servilius vum Gefecht héiert, schéckt hie 4.000 Reider vu senger eegener Arméi als Ënnerstëtzung - hie wousst offensichtlech net iwwer d'Gréisstenuerdnung vun der Schluecht Bescheed. Dës Reider goufen och vun der karthagescher Kavallerie gebremst, 2.000 sinn der gefall, 2.000 goufe gefaange geholl.

D'Verloschter[änneren | Quelltext änneren]

Vun de 25.000 Männer aus der Arméi vum Konsul Flaminius sinn der 15.000 gestuerwen; 6.000 goufen der gefaange geholl a 4.000 op der Flucht verstreet. De Konsul Flaminius ass och selwer bei der Schluecht ëm d'Liewe komm. D'Arméi vum Konsul Servilius huet de Verloscht vun hirer stäerkster Eenheet missen abéissen, der kompletter Kavallerie, a war doduerch taktesch geschwächt.

Um Hannibal senger Säit ginn 1.500 Doudeger gezielt, wouvun déi meescht aus kelteschen Hëllefstruppe koumen. Seng Haaptarméi huet quasi kee Schued dovu gedroen.

D'Réimesch Arméi huet hir bis dato gréisste Néierlag missen astiechen. Dës Néierlag gëtt souguer e Joer méi spéit nach iwwertraff, wéi bei der Schluecht vu Cannae, och géint den Hannibal, eng 60.000 Réimer falen.

Politesch Follgen[änneren | Quelltext änneren]

D'Schluechte vum Zweete Punesche Krich

D'Ziler vum Hannibal no der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Den Hannibal huet versicht, dës Schluecht net nëmme militäresch mä och politesch auszenotzen. Well hien am Beräich vun den Allièiert vu Roum agéiert huet, huet e probéiert, déi op seng Säit ze zéien. Dat ass geschitt, wéi den Hannibal d'Gefaange vu réimeschen Aliiéierten ouni Léisegeldfuederunge fräiléisst. Tatsächlech krut Roum et mat der Angscht ze dinn, hir Bëndnespartner géife si verloossen. Am weidere Verlaf vum Krichszug ass awer däitlech ginn, datt den Hannibal souguer d'Iwwerlafe vun Alliéierete vu Roum verhënnert huet. En huet bei sengem weidere Feldzug Bauerenhäff a Felder zerstéiert, fir sengem Géigner d'Versuergungsweeër ofzeschneiden. Dat waren awer d'Felder vun Alliéierte vu Roum, an déi waren natierlech net méi gutt op den Hannibal ze spriechen. Keng eenzeg Stad an de betraffene Gebidder (Umbrien an Etrurien) huet hir Diere fräiwëlleg fir den Hannibal opgemaach.

D'Reaktioun vu Roum op d'Néierlag[änneren | Quelltext änneren]

Im Rom kam es bei der ersten Kunde von dieser Niederlage auf dem Forum unter ungeheurem Schrecken und Verwirrung zu einem Volksauflauf. Vornehme Frauen irrten durch die Straßen und fragten, wen sie trafen, nach der plötzlichen Unglücksbotschaft und nach dem Schicksal des Heeres....Und obwohl sie von [Prätor Marcus Pomponius] nichts Bestimmteres zu hören bekamen, brachten sie doch - der eine vom anderen mit Gerüchten erfüllt - nach Hause: Der Konsul sei mit einem großen Teil der Truppen erschlagen, es seien nur wenige übrig, die entweeder auf der Flucht allenthalben über Etrurien verstreut oder vom Feinde gefangen seien. (Titus Livius, Der Punische Krieg, däitsch Iwwersetzung)

No der schwéierer Néierlag um Trasimenesche Séi huet de réimesche Senat erkläert, datt Roum an engem Staatsnoutstand ass. Ee Konsul war gestuerwen, deen anere war net erreechbar, d'Hallschent vun der réimescher Arméi war vernicht an de Feind huet d'Stad Roum bedreet. Fir d'alleréischt an hirer Geschicht huet Roum en Elengherrscher fir d'Dauer vun der Kris ernannt, e sougenannten Dictator. D'Volleksversammlung huet sech fir de Quintus Fabius Maximus entscheet, e Mann dee roueg a flichtbewosst dës Aufgab erfëllt huet, dem Amt déi noutwenneg Kraaft an Dignitéit ginn huet, an et um Enn vun der Kris erëm fräiwëlleg un de Senat zeréckginn huet - en Idealist dee seng Muecht benotzt awer net mëssbraucht huet.

De Konsul Flaminius krut eleng d'Schold fir den Ënnergang vun der réimescher Arméi. Hie wier iwwermiddeg gewiescht, an hätt säi Respekt virun de Gesetzer an der Würd vum Senat a vun de Gëtter verluer, schreift den Titus Livius. Hie beschreift a sengem Wierk och, datt de Flaminius all Unzeechen am Krichseifer ignoréiert hätt. D'réimescht Feldzeeche dat sech net aus dem Buedem zéie gelooss huet, oder och nach den Zesummebroch vum Päerd vum Flaminius, waren alles Zeeche vun de Gëtter, déi vum Konsul ignoréiert goufen.

De Fabius Maximus dogéint huet d'Sybillinesch Bicher konsultéiere gelooss, huet de Gëtter Affer fir den Erfolleg vu Roum versprach an huet Virbereedungsmoossname géint den Hanniball ergraff. Hien huet Stied evakuéiere gelooss, Brécken zerstéiert a Landstreecher niddergebrannt.

Den Hannibal huet awer net ugegraff, mä ass weider duerch Italie gezunn. Déi nächst Schluecht ass déi vu Cannae am Joer 216.

Archeologie[änneren | Quelltext änneren]

Bei archeologesche Gruewungen um Nordufer vum Trasimenesche Séi (Lago Trasimeno, bei der Stad Perugia an Umbrien) si Massegriewer mat Waffe fonnt ginn, déi sech bis an d'3. Joerhonnert v. Chr. datéiere loossen. Doriwwer eraus goufe Brandgriewer fonnt, wéi ee se vum Schluechtfeld vu Cannae kennt, wou e Joer drop déi nächst batter Néierlag op d'Réimer gewaart huet.

De Verlaf vum haitegen Ufer ass natierlech net méi dee selwechte wéi virun 2.200 Joer. E Kanal aus dem 15. Joerhonnert huet de Waasserspigel vum Séi däitlech erofgedréckt. Mä op enger Weelängt vun 3 km ass den Uferwee nach ëmmer vun Hiwwele begrenzt.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Titus Livius, Der Punische Krieg, iwwersat an erausgi vum Hans Armin Gärtner, Alfred Körner Verlag, Stuttgart 1968.
  • A.J. TOYNBEE, Hannibal's Legacy. The Hannibalic war's effect on Roman Life, London, 1965.
  • Nigel BAGNALL, Rom und Karthago - Der Kampf ums Mittelmeer, Siedler Verlag, Berlin, 1995, ISBN 3-88680-489-5
  • Herbert HEFTNER, Der Aufstieg Roms, Pustet, Regensburg, 1997.
  • Alfred KLOTZ, Appians Darstellung des Zweiten Punischen Krieges, Schöningh, Paderborn, 1936.
  • Karl-Heinz SCHWARTE, Der Ausbruch des Zweiten Punischen Krieges, Steiner, Wiesbaden, 1983.
  • Georg STAUDE, Untersuchungen zum Zweiten Punischen Krieges, Jena, Univ. Diss., 1911.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schluecht beim Trasimeno-Séi – Biller, Videoen oder Audiodateien
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.