Schluecht vu Worringen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schluecht vu Worringen
Worringen 1288.jpg
Worringen

D'Schluecht vu Worringen war eng Schluecht, déi de 5. Juni 1288 bei der Stiedche Worringen (haut e Quartier vu Köln) ausgedroe gouf.

Et war déi dezisiv Schluecht am Limburger Ierfschaftssträit, an deem den Äerzbëschof Siegfried II. vu Köln an den Herzog Jean I. vu Brabant sech ëm d'Herzogtum Limburg geraaft hunn. Et war eng vun de gréisste Schluechten am Mëttelalter an Europa. E groussen Deel vum Haus Lëtzebuerg ass an der Schluecht leie bliwwen.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grofschaft Limburg bestoung zanter 1065 an ass bannent dem Haus Limburg u männlech Nofollger weiderverierft ginn. Den Herzog Walram V. ass 1279 gestuerwen, mat als eenzeger Ierwin senger Duechter Irmgard (fr.: Ermengarde). Déi war mam Rainald vu Geldern bestuet, deen 1282 Limburg vum Kinnek Rudolf I. als Léin krut, an nom Irmgard sengem Doud, dat Joer drop, Usproch op hir Ierfschaft erhuewen huet.

Ma dem Irmgard säi Koseng, de eelste Jong vum Walram V. sengem Brudder, den Adolph V. vu Berg, huet sengersäit och Usproch op déi Ierfschaft erhuewen. Well en dësen awer net duerchsetze konnt, huet hien dat Recht un de Jean I., Herzog vu Brabant, verkaaft. De Jean I. hat als weider Alliéiert d'Herzogtum Kleve, d'Herzogtum Berg, d'Grofschaft Mark an d'Stad Köln.

De Rainald sengersäits huet sech ënner anerem mam Heinrich VI. vu Lëtzebuerg, deem sengem Brudder Walram I. vu Lëtzebuerg-Ligny an dem Äerzbëschof vu Köln, de Siegfried von Westerburg, zesummegedoen. Den Äerzbëschof wollt verhënneren, datt Brabant sech, souzesoe viru senger Hausdier, ze vill breet maache kéint.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.