Schluechtschëffer am 2. Weltkrich

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
HMS Vanguard, dat lescht Schluechtschëff, kuerz nom Krich an Déngscht gestallt.

Wann am Éischte Weltkrich d'Schluechtschëffer eng grouss Roll gespillt hunn, huet d'Ännere vun der Krichsféierung op Séi am Zweete Weltkrich d'Enn vun de grousse Schluechtschëffer bedeit. 1939, wéi den Zweete Weltkrich ugoung hätt kee geduecht datt dat an deem Krich anescht wier. Den 1. September 1939, huet dat Däitscht Schluechtschëff Schleswig-Holstein den éischte Schoss vum Krich beim Bombardement vun der Westerplatte gefeiert. Den 2. September 1945, an der Bucht vun Tokyo, gouf u Bord vum USS Missouri engem Schluechtschëff vun der Iowa Klass d'Japanesch Kapitulatioun ënnerschriwwen, wat d'offiziell d'Enn vum 2. Weltkrich war. An de sechs Joer dertëscht hu Schluechtschëffer vu siwe Länner un Dosende vu Séischluechten deelgeholl. Trotz där grousser Roll am 2. Weltkrich war d'Zäit vum Schluechtschëff ofgelaf an déi vum Fligerdréier huet ugefaangen. Dat lescht Schluechtschëff, d'HMS Vanguard gouf den 9. August 1946, e knappst Joer nom Enn vum Weltkrich an Déngscht gestallt.

Lëscht vun de Schluechtschëffer am 2. Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]