Schmuelspuerbunnen zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

D'Schmuelspuerbunnen zu Lëtzebuerg si géint 1880 entstanen. Si ware geduecht fir déi Géigenden an deenen net sou vill Leit gewunnt hunn, och un d'Eisebunnsnetz unzeschléissen, an dat op eng méiglechst bëlleg Aart a Weis. Dofir gouf decidéiert, Strecke mat méi enger schmueler Spuerbreet wéi d'Normalspuer (1.435 mm) a mat méi klengem Rullmaterial ze bauen. D'Wiel ass dobäi op d'Meterspuer gefall.

Sou koum bei déi zwee etabléiert Netzer vum Wëllem a vum Prënz Hari en drëtt, deelweis isoléiert Netz vun enger ronn 150 Kilometer Schmuelspuerstrecken, dat et erlaabt huet schwéier Gidder besser a méi einfach bei déi kleng lokal Industrien ze bréngen, wéi dat bis dohi méiglech war.

Am Laf vun der Zäit hu sech dräi verschidden Netzer entwéckelt:

Déi dräi Bedreiwer hunn den 20.4.1934 nodeem de PH säin Exploitatiounskontrakt fir 2 Vizinalstrecken net méi erneiert huet, zu de Chemins de fer à voie étroite fusionéiert[1]. Domat waren all d'Schmuelspuerstrecken, mat Ausnam vun deenen déi de PH selwer gebaut hat, ënner engem Hutt. Wärend der Krichszäit stounge se vun 1942 un ënner der Verwaltung vun der Reichsbahn. Nom Krich bei der Reorganisatioun vun de Lëtzebuergeschen Eisebunnen a mat der Grënnung vum CFL koumen all d'Strecken, déi souwisou de facto scho vun der Besatzungsmuecht zesummegeluecht gi waren, an de Besëtz vun där neier Gesellschaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Les chemins de fer à voie étroite luxembourgeois  = Die luxemburger Schmalspurbahnen. Walferdange: A.M.F.L., 1982. Print.
  • Meyer, Jean-Paul. Die Schmalspurbahn Bettemburg-Aspelt. Hellange: Jean-Paul Meyer, 1984. Print.
  • Federmeyer, Ed. Schmalspurbahnen in Luxemburg. Bd 1 + Bd. 2 - Luxemburg: G.A.R., 1992. Print. ISBN : 3-921980-46-1
  • Meyer, Jean-Paul. “Hellingen und sein Jangeli.” N.p., 2000. Print.
  • 100 Joër “Charly.” S.l: Lëtzebuerger Gaarde Bunn Frënn, 2004. Print.
  • Keiser, Fernand. “Bim, bam, biren... fuer mam Prënz op Schieren”  : d'Geschicht vun der Schierener-Gare - Geschichten iwwert den Zuch. Grass-Klengbetten: D'Frënn vun der Atertlinn, 2007. Print.
  • Meyer, Jean-Paul. Jaengelchen  : chemin de fer  : Mondorf - Thionville 1903-1934. Réédition. Luxembourg: G. Klopp, 2017. Print.
  • Meyer, Jean-Paul. Charly  : Schmalspurbahn  : Luxemburg - Echternach 1904-1954. 2e éd. Luxembourg: Gérard Klopp, 2019. Print. ISBN : 978-99959-38-01-7
  • Meyer, Jean-Paul. Jangeli  : Schmalspurbahn  : Luxemburg - Remich 1882-1955. 4e éd. corr. et augmentée. Luxembourg: Gérard Klopp, 2020. Print. ISBN : 2-911992-87-3

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Loi du 14 avril 1934 concernant la reprise et l'exploitation par l'Etat des chemins de fer secondaires et vicinaux. legilux.public.lu (14.04.1934). Gekuckt de(n) 18.03.2023.