Schmuelspurbunnen zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Schmuelspurbunnen zu Lëtzebuerg si géint 1880 entstanen. Si ware geduecht fir déi Géigenden an deenen net sou vill Leit gewunnt hunn, och un d'Eisebunnsnetz unzeschléissen, an dat op eng méiglechst bëlleg Aart a Weis. Dofir gouf decidéiert, Strecke mat méi enger schmueler Spurbreet wéi d'Normalspur a mat méi klengem Rullmaterial ze bauen. D'Wiel ass dobäi op d'Meterspur gefall.

Sou koum bei déi zwee etabléiert Netzer vum Wëllem a vum Prënz Hari en drëtt, deelweis isoléiert Netz vun enger ronn 150 Kilometer Schmuelspurstrecken, dat et erlaabt huet schwéier Gidder besser a méi einfach bei déi kleng lokal Industrien ze bréngen, wéi dat bis dohi méiglech war.

Am Laf vun der Zäit hu sech dräi verschidden Netzer entweckelt.

  • D'Chemins de fer secondaires,
  • d'Kantonalstrecken an
  • d'Vizinalstrecken

Déi dräi Bedreiwer hunn den 20.4.1934 nodeem de PH säin Exploitationskontrakt fir 2 Vizinalstrecken net méi ernéiert huet, zu de Chemins de Fer à Voie Etroite fusionéiert [1] Domat waren all d'Schmuelpurstrecken, mat Ausnam vun deenen déi de PH selwer gebaut hat, ënner engem Hutt. Während der Krichszäit stounge se vun 1942 un ënner der Verwaltung vun der Reichsbahn. Nom Krich bei der Reorganisatioun vun de Lëtzebuergeschen Eisebunnen a mat der Grënnung vum CFL koumen all d'Strecken, déi souwisou de facto scho vun der Besatzungsmuecht zesummegeluecht gi waren, an de Besëtz vun där neier Gesellschaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz iwwer d'Reprise vun de Vizinalstrecken