Schneider (Beruff)
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Schneider (fir e Mann) a Schneidesch, Néiesch oder Bitzesch (fir eng Fra) ass d'Handwierk vun enger Persoun, déi Gezei op Mooss produzéiert, upasst oder fléckt. Zum klasseschen Aarbechtsgeschier vum Schneider zielen d'Bitznol, de Fuedem d'Schéier, de Mannequin an zënter dem 19. Joerhonnert och d'Bitzmaschinn.
De Beruff vum Schneider gëtt et zënter dem Mëttelalter, wéi aus den einfache Kleederforme méi komplexer goufen an d'Stëfter no ënnerschiddleche Mustere geschnidde goufen. Virdru goufen d'Aarbechtskleeder vun den Hausfrae gebitzt. De Beruff vum Schneider war uganks just fir d'Männer, d'Fraen hu just dierfe bitzen, flécken a strecken.
Am Wanter sinn d'Bitzeschen oder d'Néieschen dacks bei d'Leit an d'Haiser gaangen, fir d'Kleeder ze flécken, ëmz'änneren oder auszebesseren. D'Néiesche waren dacks net bestuet Fraen, déi sech domat Sue verdéngt hunn.
Eng Wäissnéiesch war eng Néiesch déi just am wäisse Léngent geschafft huet.
Wéinst der Industrialiséierung ass d'handwierklech Schneiderei staark zeréckgaangen.
De Familljennumm Schneider an d'Hausnimm a Schneidesch oder beim Schnëddi ginn op de Beruff zeréck.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 1. Itzig: RBS, 2009. ISBN 9782959972157
- Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 2. Itzig: RBS, 2010. ISBN 9782959972167
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Schneider (Beruff) – Biller, Videoen oder Audiodateien |