Schoulgesetz vun 1912

Vu Wikipedia

D'Schoulgesetz vun 1912 gouf de 25. Juni 1912 an der Chamber gestëmmt.[1]

Inhalt[änneren | Quelltext änneren]

Heibäi huet et sech ëm en neit Gesetz gehandelt wat d'Primärschoulen zu Lëtzebuerg betraff huet an ënner anerem Follgendes nei agefouert huet:

  • d'Schoulgeld gouf ofgeschaaft,
  • fir all Kand wat den 1. November 6 Joer hat gouf eng Schoulflicht vu 7 Joer agefouert,
  • d'Maximalzuel vu Schüler pro Klass gouf op 70 erofgesat,
  • Sangen, Turnen an Zeechnen, a Basiskenntnesser vu Biologie a Physik, goufen als Fächer nei agefouert;
  • Lëtzebuergesch ass Flichtfach ginn.

Virausgaange war d'Erkenntnes, datt mat der (spéider) Industrialiséierung vum Land och eng Formatioun néideg wier, déi et de Leit erméigleche sollt, an deene Secteuren ze schaffen. An de Jore virdru waren ze soen all héijer Posten an der Siderurgie, vum Viraarbechter bis zum Ingenieur, vun Däitsche besat ginn. D'Basis vun enger gudder Beruffsausbildung war nun eemol eng gutt Primärschoulausbildung. Eng aner Motivatioun war, am Hibléck vum Aféiere vum Allgemenge Walrecht (wat 1919 de Fall sollt sinn), de Leit eng méi breet Ausbildung ze ginn, déi iwwer d'Alphabetiséierung an d'Rechnen erausgéing.[2]

Deen zweete grousse Volet vum Gesetz huet d'Roll an de Status vum Léierpersonal betraff. Dorënner waren

  • d'Recht datt de Schoulmeeschter (oder e Vertrieder vum Léierpersonal) Member vun der kommunaler Schoulkommissioun ass,
  • d'Bestëmmung, datt de Schoulmeeschter am Reliounsunterrecht matschaffe muss, ass fale gelooss ginn,
  • d'Schoulmeeschteren hu keen Zertifikat iwwer hire reliéise Liewenswandel méi brauchen ze presentéieren, fir ernannt ze ginn,
  • de Paschtouer, oder säi Vertrieder, war net méi zoustänneg fir d'Iwwerwaachung vum Enseignement.

Eng jorelaang politesch Diskussioun tëscht dem sougenannte Lénksblock op där enger Säit, an dem "Rietsblock" op där anerer, goung dann och dem Vote an der Chamber viraus. Besonnesch déi lescht genannt Neierunge goufe vu kierchlecher Säit heftegst kontestéiert. De Vertrieder vum Lénksblock do dergéint goung d'Reform net wäit genuch.[3] D'Chamber huet d'Gesetz mat 34 Stëmmen dofir, 17 dogéint an 1 Enthalung ugeholl.

Den 10. Juli 1912 huet de Generaldirekter, deemools war dat den Titel vum Minister, Pierre Braun der Groussherzogin Marie-Adelheid dëst neit Gesetz virgeluecht fir z'ënnerschreiwen. Si huet dat schliisslech den 10. August 1912 gemaach, obschonn et eng Gewëssensfro fir si bedeit huet. Als déif kathoulesch Persoun ass et hir schwéiergefall, e Gesetz ze sanktionéieren, dat vun der kierchlecher Obregkeet als inacceptabel an onausféierbar bezeechent gi war.

D'Zécke vun der Groussherzogin bei der Ënnerschrëft, wat eng implizit Stellungnam bedeit huet, war eng vun de Kriticken, där se 1919 ausgesat war, an déi zu hirem Récktrëtt gefouert hunn.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Och wann et ëmmer nees Ännerungen an Ergänzunge gouf, sou huet et bis 2009 gedauert bis dëst Schoulgesetz fir zerguttstert ersat gouf duerch d'Schoulgesetzer vun 2009.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Calmes, Christian, 1977. "La loi scolaire de 1912." In: Christian Calmes: Au fil de l'Histoire, Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, S. 49-165.
  • Kirsch E., Maas J. & Reding Jean-Claude, 1987. La loi Braun de 1812: la libération de l'instituteur. Éditions FGIL, Luxembourg, 128 p.
  • Fayot, Ben, 1999. "Moralitätszeugnis für den Lehrer: der Linksblock und das Schulgesetz von 1912." In: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, 1900-1999. Ed. G. Binsfeld, S.106-118.
  • Moes, Régis, 2013. "La réforme scolaire de 1912". In: forum Nr.325, Januar 2013, S.35-38.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/1912/08/10/n1/jo
  2. Moes 2013, S.35-36.
  3. Moes 2013, S.37.