Schoulvakanz

Vu Wikipedia

D'Schoulvakanz (oder einfach Vakanz) ass e periodeschen Zäitraum vun op d'mannst enger Woch, an där d'Schüler fräi hunn an net an d'Schoul musse goen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et:

  • d'Summervakanz (och "Grouss Vakanz" genannt) vu Mëtt Juli bis Mëtt September
  • d'Allerhellegevakanz (1 Woch, déi 1. am November)
  • d'Chrëschtvakanz (2 Wochen, Enn Dezember, uganks Januar)
  • d'Fuesvakanz (1 Woch, variabel, hänkt vun Ouschteren of, gewéinlech am Februar)
  • d'Ouschtervakanz (2 Wochen, variabel, hänkt vun Ouschteren of, gewéinlech am Abrëll)
  • d'Päischtvakanz (1 Woch, variabel, hänkt vun Ouschteren of, gewéinlech am Juni)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]