Schrammelmusek

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schrammel-Bassgittar

Schrammelmusek ass eng typesch Wiener Musek, déi hir Originnen um Enn vum 19. Joerhonnert huet.

Den Numm kënnt vun de Bridder Schrammel hier, déi d'Schrammelmusek souzesoen "perfektionéiert " hunn.

De Kaspar Schrammel, hire Papp, e krichsinvaliden Dréiuergel-Spiller a Klarinettist an hir Mamm Aloisia, eng Vollekssängerin haten hire Jongen et méiglech gemaach, beim Direkter vum Wiener Conservatoire, dem Joseph Hellmesberger Gei spillen ze léieren. Duerno sinn déi zwéin eege Weeër gaangen; de Johann als Orchestemuseker an de Josef huet Volleksmusek gespillt.

1878 hunn déi zwéi sech zesummegedoen mat dem Gittarist Draskovits, deen awer schonn ee Joer drop vum Anton Strohmayer (1848-1937) ersat gouf, dem Jong vum Komponist Alois Strohmayer fir en Terzett, dat sech um Ufank D'Nußdorfer genannt huet, well se haaptsächlech zu Nussdorf, engem klenge Wäinduerf bei Wien opgetruede sinn. Hire Repertoire war schonn déi Zäit virgezeechent; iwwer 200 Kompositiounen, Walzer, Polkaen an Dänz hunn déi zwéin hannerlooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schrammelmusek – Biller, Videoen oder Audiodateien